Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
18/02/2025

Am vergaangene Schouljoer huet CR-Services, dee Beräich vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, deen sech ëm d’Verpfleegung vun de Kanner, eelere Leit a vulnerabele Bevëlkerungsgruppen an hiren Ariichtunge këmmert, domat ugefaangen, d’Iessensreschter op den Telleren a vum Buffet ze weien. D’Zil ass et, souwuel bei de Cliente wéi och beim Personal e Bewosstsinn dofir ze schafen, wéi vill Liewensmëttel all Dag an d’Dreckskëscht gehäit ginn. Dës Wochen, an deene gemooss gouf, sinn duerno duerch eng Erënnerung un d’Best Practices a Sensibiliséierungsmoossname fir d’Personal souwéi pädagogesch Aktivitéite fir d’Kanner ergänzt ginn.

Am Verglach zur éischter Moossung vun den Iessensreschter konnt bei deene weideren, wann och net iwwerall, esou dach an deene meeschten Ariichtunge vum Lëtzebuerger Roude Kräiz eng Reduktioun vun de Reschter op de Telleren an um Buffet festgestallt ginn.

Best Practice: „Cook & Chill“

Déi bescht Praktike bei CR-Services ëmfaassen ënner anerem d’Method „Cook & Chill“. Dobäi ginn déi preparéiert Platen nom Kachen ofgekillt – ënner striktem Anhale vun den HACCP-Prinzippie fir d’Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren – a just déi Quantitéiten, déi wierklech gebraucht ginn, gi lues a lues nees erhëtzt. D’Iwwerproduktioun gëtt agefruer a wärend Perioden zerwéiert, an deene manner Clienten an d’Ariichtunge kommen, wéi zum Beispill an de Schoulvakanzen.

Liewensmëttel, déi an de Produktiounskichen iwwereg bleiwen, ginn den nächsten Dag an der „Salade du chef“ verschafft; Geméis, dat net méi ganz frësch ass, am „Potage du jour“. Eng Kéier am Mount kënnen d’Kichecheffen een „Antigaspi“-Menü ubidden, an deem si déi Liewensmëttel verschaffen, déi an de Frigoen iwwreg bliwwe sinn.

Pilotprojet „Antigaspi“

Eng vun den Ariichtungen, déi vun CR-Services beliwwert gëtt, d’Maison Relais zu Lëntgen, huet un engem Pilotprojet „Antigaspi“ deelgeholl, dee vu Signa ugebueden a vum Landwirtschaftsministère finanzéiert gëtt. Bei dësem Projet gi Kanner op eng spilleresch Aart a Weis dozou bruecht, all Zorte vu Liewensmëttel ze probéieren – och déi, déi si nach net kennen – sech nëmmen esou vill ze zerwéieren, wéi si tatsächlech iessen (si kënnen sech esou oft wéi si wëllen nach eng Kéier huelen), a sou mann wéi méiglech Liewensmëttel ze verbëtzen.

Fir hir Aktioune fir d’Reduktioun vun de Liewensmëtteloffäll gouf CR-Services vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau mam Antigaspi-Logo „Initiative“ ausgezeechent.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.