Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Plangt den Akaf am Viraus a passt op bei Reklammen.

Plangt Är Moolzechte virum Akaf. Iwwerpréift wat fir eng Liewensmëttel Dir nach hutt a kaaft nëmmen dat an, wat Dir och wierklech braucht. Zéit regional a saisonal Produite vir, déi hu keng laang Transportweeër hannert sech a sinn dowéinst méi ëmweltfrëndlech, frësch a gesond.

Verschidde Butteker bidde Liewensmëttel, déi geschwënn oflafen, zu engem reduzéierte Präis un. Profitéiert dovunner! Dir maacht eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung a fir Äre Portmonni. Mee kaaft se nëmmen, wann Dir se och verbrauche wäert.

Kaaft Reklammen (z. B. 3 fir 2 oder + 20 % vum Inhalt gratis) nëmmen dann, wann Dir déi gréisser Quantitéit och wierklech braucht oder afréiere kënnt. Soss verbëtzt Dir net nëmme Liewensmëttel, mee och Är Suen.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.