Liewensmëttelverschwendung: Lëtzebuerg ass sech dem Problem bewosst, et bleift awer nach villes ze verbesseren
Fir den internationalen Dag vun der Sensibiliséierung fir Liewensmëttelverloschter a Liewensmëttelverschwendung (IDAFLW), den 29. September, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 2022 eng Ëmfro iwwer d’Liewensmëttelverschwendung an d’Verhale vun de Lëtzebuerger Stéit an Optrag ginn.
D’Zil vun dëser Etüd ass et, besser ze verstoen, wéi eng Facteure bei der Liewensmëttelverschwendung an de Stéit matspillen.