Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

De Frigo ass déi richteg Plaz, fir frësch Liewensmëttel ze versuergen.

An engem Frigo ginn et verschidden Temperaturzonen. Stellt d’Temperatur vun Ärem Frigo op maximal 5 °C fir dee mëttelste Beräich an, bei méi héijen Temperature kënnen sech schiedlech Bakterien entwéckelen.

Haalt d’Iessensreschter am Frigo an duerchsiichtege Behälter a stellt se no vir, fir datt Dir se net vergiesst a bannent dräi Deeg iesst.

Benotzt fir schnell verdierflech Liewensmëttel de Prinzip: als éischt eran – als éischt eraus. Stellt méi al Produkter no vir, an dat wat Dir grad kaaft huet, no hannen.

De Frigo muss propper gehale ginn, fir dass sech keng Bakterien dran usammelen. Dës Mikroorganisme komme mam Geméis oder mam Fleesch an de Frigo a kënne sech do vermeeren. Dofir sollt een de Frigo all Mount eng Kéier botzen.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.