Ecobox fir d’Iesse matzehuelen

D’„Ecobox – Méi laang genéissen“ ass een nationale Pfandsystem zu Lëtzebuerg fir Iessen ze transportéieren. A ville Restauranten, Kantinnen an Take-Aways erlaabt de System de Gäscht, hiert d’Iessen, dat se net ganz gepackt hunn, mat ze huelen fir zu engem spéidere Moment ze iessen. Doduerch datt d’Ecobox ëmmer erëm benotzt ka ginn, gëtt manner Iessen ewech geheit a Verpackungen agespuert.

Wéi fonctionnéiert d’Ecobox?

Dësen einfache mee effikasse System huet sech als grousse Succès erausgestallt, souwuel bei de Konsumente wéi och bei de Restaurateuren. 2023 waren 110.095 Ecoboxen am Ëmlaaf an 143 Restauranten, 84 Kantinnen, 74 Schoulkantinnen a Maisons Relais, an 2 Gemengen an an enger Rei Clibb.
ecobox.lu
  • All d’Betriber déi d’Ecobox offréieren, si gutt duerch hire Logo ze erkennen.
  • D’Ecobox gëtt et an 2 Gréissten: 500 ml oder 1.000 ml.
  • D’Iessen kann een an der Ecobox mathuelen an dono iwwerall konsuméieren.
  • Nom Gebrauch muss d’Ecobox gespullt ginn.
  • Beim nächste Besuch am Restaurant gëtt een d’Ecobox of oder tauscht se an fir eng nei propper Ecobox ze kréien.
  • All defekt Ecobox kann een an de Betriber, déi matmaachen, erëm ofginn.
De System ass besonnesch ëmweltfrëndlech an nohalteg. Déi futtis Ecoboxe ginn zréck un de Produzent geschéckt a recycléiert fir nei Produkter aus dem Rohstoff ze produzéieren.
De Projet Ecobox gouf ausgeschafft vum Nohaltegkeetsministère an Zesummenaarbecht mat der Superdreckskëscht® an der HORESCA, am Kader vum Nationale Plang fir d’Gestioun vun den Offäll an de Ressourcen.

De Projet evoluéiert a Funktioun vun der Nofro vun den interesséierte Restauranten, Kantinnen an Take-Aways.

Praktesch Infoen op:

ECOBOX.LU