Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung

1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewechgehäit!
Gläichzäiteg awer leiden ëmmer nach 828 Millioune Mënschen op der Welt Honger. Mat dëse Fakte virun Aen schéngt et evident, datt mer mussen handelen.

Nieft der moralescher Verflichtung, sech dem Problem unzehuelen, dierf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen!

Liewensmëttelverschwendung bedeit, datt 28 % vun allen Notzflächen onnëtz bewirtschaft ginn, ouni déi enorm Quantitéiten u Waasser ze vergiessen, déi dofir verbëtzt ginn. Fir sech dat emol bildlech virzestellen: dat sinn 250 Kubikkilometer Wasser pro Joer, also dräi mol de Genfer Séi.

A punkto CO2-Emissioune gesäit et net besser aus: 3,3 Gigatonnen Zäregase ginn all Joer vu verschwente Liewensmëttel fräigesat, déi op Deponië landen.

Dës Zuelen, déi de Welternährungsprogramm vun de Vereenten Natiounen (WFP) publizéiert huet, kann een net einfach ignoréieren. Zemol wann ee weess, datt d’Populatioun konstant wiisst a mir bis 2050 d’Grenz vun den 9 Milliarde wäerten erreechen.

Wou gi Liewensmëttel, an der EU, verschwent?*

55%
an den Haushalter, well ze vill kaaft gëtt, d’Saache schlecht gelagert ginn, d’Verbrauchs-Indikatioune falsch interpretéiert an d’Reschter net verwäert ginn.
29%
ginn an der Produktioun verluer duerch Iwwerproduktioun, well d’Liewensmëttel beschiedegt oder deforméiert sinn an duerch Nieweprodukter, déi net verwäert ginn.
9%
an der Restauratioun wéinst ze grousse Portiounen (oft huet ee keen Choix bei der Gréisst) a well d’Clienten hier Reschter net mat heem huelen.
7%
ginn am Handel verluer well d’Produiten ästhetesche Standarden net entspriechen, wéinst Verpackungsfeeler an duerch ze grouss Lagerbestänn.

Wou gi Liewensmëttel zu Lëtzebuerg eweggehäit?**

75%
an den Haushalter
10%
an de Grousskichen
8%
an der Restauratioun
7%
am Handel

D’Erausfuerderung ass fir ze kucken, wéi mer jidderee kënnen ernieren a gläichzäiteg eis natierlech Ressourcë kënne schounen, fir déi zukünfteg Generatiounen net weider ze belaaschten. D’Regierung huet sech als Zil gesat fir d’Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d’Hallschent ze reduzéieren.

De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet dofir 2016 decidéiert, de Welthongerdag an de Kontext vun der Liewensmëttelverschwendung ze setzen. Dat war souzesoen de Startschoss vun der Sensibiliséierungscampagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“.