Ëffentlech Evenementer bidden e grousst Potenzial am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung. Aus deem Grond huet de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau eng „Antigaspi“-Charta ausgeschafft fir Evenementer, bei deenen dem Publikum Iesswueren ugebuede ginn. An dëser Charte gi Moossname fir d’Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung festgeluecht. Vun deene 15 Krittäre sinn der 9 obligatoresch a musse vum Organisateur respektéiert ginn, fir den Antigaspi-Logo „Event“ vum Ministère benotzen ze däerfen, woubäi d’Anhale vun den allgemengen Hygiènesvirschrëfte virausgesat ass.

ANTIGASPI-CHARTA FIR EVENEMENTER

DEMANDE ANTIGASPI-LOGO FIR EVENEMENTER

D’Affichen „Dëst ass een Antigaspi-Event“, déi de Landwirtschaftsministère zur Verfügung stellt, weise wärend dem Event drop hin, datt den Organisateur Moossnamen ëmsetzt, fir géint d’Verschwende vu Liewensmëttel virzegoen.