Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Et ass wichteg, déi verschidden Oflaf-Indikatioune richteg ze interpretéieren.

„Verbrauchen bis…“ oder „À consommer jusqu’au…“

Nom Oflaf vum Verbrauchsdatum kann e Liewensmëttel eng Gefor fir d’Gesondheet duerstellen. Wann dësen Datum ofgelaf ass, soll een de Produit als ongenéissbar ugesinn an en och net méi afréieren. Beispiller heizou si frëscht Fleesch a frësche Fësch.

„Mindestens haltbar bis…“ oder „À consommer de préférence avant…“

De Mindesthaltbarkeetsdatum ass eng Informatioun vum Hiersteller déi bedeit, datt d’Produkt bis zu deem Datum keng oder wéineg Geschmaachs- a Qualitéitsverloschter huet. D’Liewensmëttel sinn awer net zwéngend ongenéissbar nom Oflaf vun dësem Datum. Fir rauszefannen, ob een se nach iesse kann, soll een se kucken, richen a schmaachen. Beispiller sinn Nuddelen, Kichelcher, Kaffi, Räis a.s.w.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.