Liewensmëttel wäertschätzen an net direkt ewechgeheien

Zu Lëtzebuerg gëtt et zwar kee Gesetz, dat d’Supermarchéen obligéiert, karitativen Associatiounen hir „Invendus’en“ weider ze ginn amplaz se ewechzegeheien, wéi dat a Frankräich de Fall ass, mee d’Supermarchéschaîne hunn op fräiwëlleger Basis eng etlech Kooperatioune mat de Cent-Butteker, der „Spëndchen “, der „Stëmm vun der Strooss“, mam Parc Merveilleux zu Beetebuerg a souguer mat Biogasanlagen.

Richtlinen fir d’Redistributioun

D’Konditiounen, un déi ee sech fir d’Spende vu Liewensmëttel soll halen, fannt Dir um Portail vun der Liewensmëttelsécherheet.

Am Kader vun den Zukunftsforen hat de Landwirtschaftsministère de 27. Oktober 2016 eng Konferenz organiséiert déi sech un d’Distributioun, d’Restauratioun, d’Kantinnen an d’Produkteuren geriicht hat, fir ee breeden Dialog op der ganzer Produktiounschaîne ze lancéieren an ze kucken ob misst legiferéiert ginn oder net. No der Konferenz, an am enken Dialog mat de betraffenen Acteuren, huet sech awer erausgestallt, datt et zu Lëtzebuerg am Abléck kee Besoin géif ginn fir ze legiferéieren, well scho genuch op fräiwëlleger Basis redistribuéiert gëtt.