Mir sinn antigaspi, an Dir? Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung!
Aktioun „Gielt Band“: Hei ass plécken erlaabt.
All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.
D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun „Gielt Band“, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (Syvicol) an d’Liewe geruff huet. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.
Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eisen Knowhow um Liewen ze erhalen.
Dës Kaart weist, a wéi enge Gemenge Privatleit, Associatiounen, Entreprisen an/oder Gemenge selwer bei der Aktioun „Gielt Band“ matmaachen, a wéi eng Zorten Uebstbeem et do gëtt. Et ass all Participant selwer iwwerlooss, ob a wéi en der Ëffentlechkeet well matdeelen, wou genau déi Uebstbeem stinn. Fir déi Leit déi plécke wëllen heescht et: Haalt Är Aen op, wann Dir an Ärer Gemeng ënnerwee sidd!
Dir géift gären un der Aktioun deelhuelen, mee Är Uebstbeem stinn hannert dem Haus oder Äre Bongert läit ofgeleeën? Da bestellt Iech ee Schëld „Hei dierft Dir plécken!“ per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu. Domat kënnt Dir de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.
Wa Gemengekommissiounen, Veräiner oder Privatleit Evenementer ronderëm dës Aktioun organiséiere wëllen (zum Beispill en Duerffest oder d’Hierstellung vu Viz), da kënne si dem Landwirtschaftsministère dat entweeder per E-Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder iwwer Telefon (247-73516) matdeelen. Mir stellen se op dëser Plaz der Ëffentlechkeet vir.
„Gielt Band“-Charta fir Leit, déi Uebst plécke wëllen:
Nëmmen d’Uebst vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerf gepléckt ginn.
Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
De Bam däerf net beschiedegt ginn.
D’Uebst ass fir de Privatgebrauch bestëmmt.
Pléckt nëmmen déi Quantitéit un Uebst, déi Dir braucht.
Hannerloosst d’Natur an deem selwechten Zoustand, an deem Dir se virfonnt hutt.
Blockéiert keng Zoufaarten.
Dir pléckt op Är eege Verantwortung.
„Gielt Band“-Charta fir d’Propriétaire vun de Beem:
De Bam, ënnert dem geraf, respektiv vun dem gepléckt däerf ginn, muss fräi zougänglech sinn (et däerf zum Beispill keen Zonk ronderëm sinn, iwwert den ee muss klammen).
De Bam däerf net an enger Weed stoen, op där Béischte stinn.
Dat gielt Band muss gutt erkennbar um Bam festgemaach sinn.
All Bam muss eenzel mat engem giele Band gekennzeechent sinn.
Dat gielt Band kann zu all Moment un de Bam festgemaach, respektiv ewechgeholl ginn (iert oder nodeems d’Friichten zeideg sinn, oder wa se well op de Buedem gefall sinn).
Fir Iech kënnen ze bedeelege muss Dir bestätegen, dass Dir d’Recht huet, Drëtter op deene Grondstécker, mat deenen Dir un der Aktioun „Gielt Band“ deelhuelt, plécken ze loossen. Dir musst also Proprietaire, Pächter oder ënnert enger anerer Form berechtegt sinn, fir iwwert d’Recolte an dat Grondstéck, ob dem de Bam/Strauch steet, ze verfügen.
De Staat souwéi de „Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises (SYVICOL)“ si net zivilrechtlech haftbar, wann et wärend der Aktioun „Gielt Band“ zu engem Tëschefall kënnt. Adresséiert Iech gegebenenfalls un Är Versécherung an huelt déi néideg Virsiichtsmoossnamen.
Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.
Noutwenneg Cookien
Dës Cookië sinn noutwenneg fir datt dës Websäit funktionéiert a kënnen an eisem System net desaktivéiert ginn. An der Reegel ginn dës Cookië just als Reaktioun op Är Aktivitéite gesat, wéi zum Beispill d’Festleeë vun Ären Dateschutzbestëmmungen, d’Umellen oder d’Ausfëlle vun engem Formular. Dir kënnt Äre Browser esou astellen, datt dës Cookië blockéiert ginn. Verschidde Beräicher vun der Websäit funktionéieren dann awer net. Dës Cookië späichere keng persounebezunnen Donnéeën.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
First Party Cookies - Analytics
Dës Cookien erméiglechen eis, den Traffic op eiser Websäit ze moossen an esou d’Leeschtung ze verbesseren. Si ënnerstëtzen eis beim beäntwere vun de Froe wéi eng Säiten am beléifste sinn, wéi eng am mannste gekuckt ginn a wéi de User op der Websäit navigéiert. All Informatiounen déi vun dëse Cookien erfaasst gi sinn anonym.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!