D’Organ “Antigaspi” verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft https://antigaspi.lu/

Wat ass d’digital Accessibilitéit?

Jidderee muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi een Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, schiel Persounen oder mat engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

De folgenden Internetsite ass en partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 sou wéi dem allgemenge Referenzsystem zur Verbesserung vun der Accessibilitéit (Référentiel général d’amélioration de l’accessibilité – RGAA) v4.

Net-accessibele Contenu

De folgende Contenu ass net accessibel aus folgende Grënn:

Net konform mam RGAA 4

  • Sichtprobleem fir sehbehënnerte Benotzer (ganz nidderegen Kontrast):
  • Kappball
  • Golden Regelen Deel
  • Knäppchen “Entdeckt”
  • Neiegkeeten
  • Fousszeilen

Virbereedung vun der folgender Accessibilitéitserklärung

Déi folgend Erklärung gouf den 1.3.2021 erstallt. D’Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vu folgendem Internetsite mat den am RGAA 4 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ “Antigaspi”.

Feedback a Kontakt

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren zum Sécherstellen vum Anhalen vun den Dispositiounen

Am Fall wou d’Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d’Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, doriwwer z’informéieren.

 


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag ass © Europäesch Unioun, 1998-2020 a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.