Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Krommt Uebst a Geméis ass genau sou frësch a gesond wéi dat anert.

Ee groussen Deel vum Uebst a Geméis, wat an Europa ugebaut gëtt, wäert et ni an d’Regaler vun de Supermarchéë packen, well et net déi richteg Form oder Gréisst huet.

Dobäi kann ee krommt Uebst a Geméis ouni Problemer nach iessen. Et ass genau sou frësch a gesond wéi dat ouni optesch Mängel. Wann een dorausser Kompott, e Smoothie oder eng Zopp mécht ass et egal wéi de Produit ausgesäit, well Qualitéit a gudde Geschmaach kenne keng Form.

De Bauer huet genau sou vill Aarbecht an „onperfekt“ Produite gestach wéi an déi aner. Huet den Apel eng Téitsch, schneit een se ewech, et soll een net esou kriddeleg sinn.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.