Dir engagéiert Iech dofir, dass manner Liewensmëttel verbëtzt ginn? Da benotzt den Antigaspi-Logo „Initiative“ vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. Dëse Logo ass d’Zeechen fir d’Ënnerstëtzung vum Ministère an hëlleft, Är Initiativen, Aktiounen a Projeten méi visibel ze maachen. Hei fannt Dir d’Bestëmmungen, déi d’Benotze vun der Mark „Antigaspi“ reegelen souwéi d’Formulairen déi Dir musst ausfëllen, fir d’Autorisatioun vum Ministère unzefroen, fir de Logo kënnen ze benotzen.

Konditioune fir d’Benotze vum Antigaspi-Logo „Initiative“

Wann Dir fir eng Initiative, Aktioun, oder ee Projet de Logo vun der Antigaspi-Campagne benotze wëllt, dann ass dat ënnert verschidde Konditioune méiglech:
• Är Initiative huet als Haaptzil d’Reduktioun vu Liewensmëttelverschwendung.
• Är Initiative huet een ëffentlechen Notzen.
• De Logo dierf eréischt nom Accord vum Landwirtschaftsministère benotzt ginn.
• De Logo dierf fir maximal 1 Joer benotzt ginn. Et ass méiglech dës Zäitspan ze verlängeren.
• De Logo dierf, ofgesi vun de Dimensiounen, net verännert ginn.
• All Support (gedréckt oder elektronesch) wou de Logo dropkënnt muss vum Landwirtschaftsministère am Viraus validéiert ginn.
• Nom Oflaf vum Nëtzungsrecht reecht Dir dem Landwirtschaftsministère eng Evaluatioun vun Ärer Initiative / Ärem Produit eran.

Weider Detailer fannt Dir an de Gebrauchsbestëmmungen.

Wann Dir de Logo fir déi éischte Kéier ufrot, da reecht ons den ausgefëllte Formulaire „Demande initiale“ iwwer antigaspi@ma.etat.lu eran. Mam Formulaire „Demande de
reconduction“ kënnt Dir Är initial Demande verlängere loossen.

RÈGLEMENT D’USAGE
DEMANDE D’UTILISATION DEMANDE DE RECONDUCTION