Den 29. September 2020 wor eng éischte Kéier en internationalen „Antigaspidag“! Um „International Day of Awareness of Food Loss and Waste” (JISPGN), deen op eng Initiativ vun de Vereenten Natiounen zeréckzeféieren ass, gëtt vun elo un all Joer weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht an der Liewensmëttelverschwendung gesat.
Tatsächlech gëtt ⅓ vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ewechgehäit. Well gläichzäiteg awer bal eng Milliard Mënschen op der Welt Honger leiden, ass et net acceptabel, näischt dogéint ze ënnerhuelen. Nieft der moralescher Obligatioun, sech dem Problem unzehuelen, däerf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Duerch d’Reduzéierung an d’Preventioun vu Liewensmëttelverloschter a Liewensmëttelverschwendung ginn CO2-Emissioune reduzéiert an de Verbrauch vu Land a Waasserressourcë gëtt geschount.
Zu Lëtzebuerg hu mir eis d’Zil gesat, fir bis 2030 d’Liewensmëttelverschwendung am Handel, an der Restauratioun wéi och bei de Konsumenten ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Dat selwecht gëllt och fir d’Produktioun! Hei schwätzt een allerdéngs net vu Liewensmëttelverschwendung, mä vu Liewensmëttelverloschter.