Am Kader vum nationalen Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der biologescher Landwirtschaft „PAN-Bio 2025“ an der Sensibiliséierungscampagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung!“ huet de Landwirtschaftsministère vun Experten an der Liewensmëttelsécherheet eng Formatioun ausschaffe gelooss, déi sech an enger éischter Phas un d’Gemenge riicht a si encouragéiere soll, hir Efforte fir eng méi verantwortungsvoll an nohalteg Ernärung an de kollektive Restauratiounsstrukture vun der Gemeng ze verstäerken. D’Formatioun hat esou vill Succès, datt de Ministère decidéiert huet, se net op d’Strukture vun der Gemeng ze beschränken, mee se opzemaache fir jiddwereen, deen am Beräich vun der kollektiver Restauratioun schafft.
Eng gratis Formatioun op d’Mooss
D’Formatioun stäipt sech op véier Achsen:
Zwou Achse fir méi lokal a Bio-Produiten:
- 50 % vun de Produiten, déi an der Kichen agesat ginn, stamen aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft, 2/5 dovunner aus der Biolandwirtschaft an 3/5 aus der lokaler Landwirtschaft, woubäi d’Produiten aus der Ëmstellungslandwirtschaft Prioritéit hunn.
- Déi „bio-lokal“ a „lokal“ Produite ginn um Menü ervirgehuewen.
Zwou Achse fir de Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung ze ënnerstëtzen:
- Ariichte vun engem System, fir d’Liewensmëttelverschwendung semesterweis ze weien oder ze moossen: 2 Mol am Joer wärend 3 Woche weien oder moossen.
- D’Reschter an der Kiche ginn no enger interner Prozedur an am Respekt vun den Hygiènesreegele fir aner Preparatioune benotzt.
D’Formatioun ass gratis a gëtt op d’Besoine vun deenen eenzele Strukturen ofgestëmmt. D’Participantë kréien um Enn vun der Sessioun e Certificat.
Wéini?
Den Datum gëtt vum Responsabele vun der kollektiver Restauratiounsstruktur zesumme mam ernannte Formateur festgeluecht. D’Formatioun dauert 4 Stonnen.
Wou?
D’Formatioun fënnt an de Raimlechkeete vun der betraffener kollektiver Restauratiounsstruktur statt.
Mat wiem?
D’Formatioun gëtt vu Fachleit aus dem Beräich vun der Formatioun am Alimentatiounssecteur ofgehalen.
Wéi kann ee sech aschreiwen?
Mat enger E-Mail un eng vun de follgenden Adressen: bio@ma.etat.lu oder antigaspi@ma.etat.lu.
Méi Informatiounen?
Wann Dir weider Informatioune braucht, kënnt Dir eng vun de follgende Persoune kontaktéieren:
- PAN-Bio 2025: Gerber van Vliet (gerber.vanvliet@ma.etat.lu, 247-73511)
- Antigaspi: Joëlle Hengen (joelle.hengen@ma.etat.lu, 247-73513)