Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne géint d'Liewensmëttelverschwendung

Weltwäit gëtt 1/3 vun alle Liewensmëttel déi produzéiert ginn, ewechgeheit. Déi gréisste Verbëtzer sinn d’Privatleit. Zu Lëtzebuerg verbëtzt e Privatstot an der Moyenne 118 kg Iesswueren op de Kapp pro Joer, dat sinn op d’ganzt Land gekuckt 3 gefëllten Drecksween pro Dag! Amplaz Liewensmëttel ewechzegeheien, kënnt och all Eenzelen 250 € d’Joer direkt an d’Poubelle geheien!

Dofir sensibiliséiert de Landwirtschaftsministère, nieft villen aneren Acteuren, jidderee fir méi responsabel ze konsuméieren. De Welthongerdag vum 16. Oktober 2016 wor de Kick-Off Dag fir déi national Medien- a Sensibiliséierungscampagne géint d’Liewensmëttelverschwendung, déi ëmmer nach leeft. Detailer iwwert all d’Aktiounen, Projeten an Evenementer déi vum Ministère organiséiert gi fannt Dir op dësem Site.

+
Campagne – 118 Grënn eppes ze änneren

Hei zu Lëtzebuerg ginn 118 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt. Dat sinn 118 Grënn eppes ze änneren

Campagne - 118 Grënn eppes ze änneren
Image FAQ
+
Broschür - Zesummen géint d'Liewensmëttelverschwendung

Dës Broschür gëtt praktesch Tuyauen wéi ee manner Liewensmëttel ka verschwenden: dat geet beim Akafen un, iwwert d’Araumen vum Frigo bis hin zum Verwäerten vun eise Reschter. Et fënnt een awer och wichteg Rotschléi dran z.B. fir déi ënnerschiddlech Datumen op de Verpackungen besser ausernee ze halen.

Image FAQ
+
Broschür - Best Practices fir Gemengen
Am Ganzen hu schonn 91 vun 102 Gemengen den nationalen Solidaritéitspakt ënnerschriwwen a sech engagéiert, Aktiounen géint Liewensmëttelverschwendung an d’Weeër ze leeden. Déi nei Broschür “Best Practice” gëtt den Iwwerbléck vun allen Aktiounen am Land a soll d’Gemengen weider inspiréieren flott Initiativen ëmzesetzen.
Image FAQ
+
Antigaspi Wanderausstellung a Workshoppen

All Gemeng déi sech dem Solidaritéitspakt ugeschloss huet kritt d’Wanderausstellung Antigaspi vum Landwirtschaftsministère gratis geléint, geliwwert an opgeriicht. D’Wanderausstellung riicht sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle a mécht d’Kanner an d’Léierpersonal op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op de Problem opmierksam. Donieft ass d’Ausstellung awer och op groussen Eventer ze gesinn fir méi e breede Publikum ze erreechen a gëtt oft mat flotte Workshoppen animéiert.

Image FAQ
+
Antigaspi Ausbildung

De Lycée technique hôtelier Alexis Heck, de Lycée technique de Bonnevoie an de Lycée technique agricole sinn dem nationale Solidaritéitspakt géint Liewensmëttelverschwendung bäigetrueden an thematiséieren d’Problematik queesch duerch hier Fächer. Hei ginn déi Professionell vu muer ausgebilt.

Image FAQ