D’Nofro no lokal a saisonal produzéierte Liewensmëttel ass zu Lëtzebuerg an engem positiven Trend an dat ass och gutt esou.
Als klengt Land huet Lëtzebuerg de Virdeel, datt déi national Produktioun zimlech iwwersichtlech ass. Dëst schaaft Transparenz a Vertraue bei der Produktioun vu lokale Liewensmëttel.
Duerch déi geografesch ofgegrenzte Produktioun ass et méi einfach, déi verschidden Infraktiounsprozeduren zeréckzeverfollegen. Deementspriechend wéineg Liewensmëttelskandaler ginn et zu Lëtzebuerg.
Lokal Produktioun bedeit och kuerz Transportweeër an dréit domat zu enger nohalteger Ernierung bäi. Lokal akafen heescht awer net nëmmen, gewëssenhaft anzekafen, lokal hiergestallte Liewensmëttel weisen oft och eng besser Qualitéit op, well si keng laang Transportweeër zeréckleeë mussen an dohier nach frësch an d’Rayone vun de Geschäfter kommen. Sou wierke sech déi kuerz Weeër zum Beispill positiv op de Goût an och op wäertvoll Inhaltsstoffer, wéi Vitaminnen a Mineralstoffer aus. Ausserdeem verdierwen op des Manéier manner Liewensmëttel um Wee an d’Regaler. Sou deet ee beim Kaf vu lokale Produkter och nach eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung.