Hëllef beim Plécken

D’Déifferdenger Pléckerten“ sinn –  zesumme mam Jugendtreff Käl/Téiteng  – de Gewënner vum  Opruff fir Projete géint d’Liewensmëttelverschwendung vum Landwirtschaftsministère 2020. Bei hinne kënne sech déi Leit mellen, déi Uebstbeem am Gaart hunn, oder souguer ee Bongert besëtzen, an déi Hëllef beim Plécke brauchen. A natierlech kënne sech och déi Leit mellen, déi wëlle mat plécken a rafe goen.

D’Suen déi déi „Déifferdenger Pléckerten“ beim Opruff fir Projete vum Landwirtschaftsministère kruten hu si ënnert anerem an zwou Leederen investéiert. Foto: Déifferdenger Pléckerten

Dës Initiativ fir Uebst, Geméis a Kraider ze plécken, iert se verfaulen, ass vun der Sozialkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng an d’Liewe geruff ginn an huet sech bis elo als Succès erwisen. Dat Uebst, wat bei deenen zwee éischte Rendezvousen zesumme gepléckt gouf, ass ënnert de Leit opgedeelt ginn. Wann awer méi grouss Quantitéiten ufällen, da ginn déi mat der Hëllef vum Jugendhaus a vum Club Senior weiderverschafft.

Jiddereen deen dorunner interesséiert ass, benevole mat plécken ze goen an all Awunner vun der Gemeng Déifferdeng, dee seng Uebstbeem well zur Verfügung stellen, ka sech bei den Déifferdenger Pléckerten“ mellen.