Eng zweet Chance fir Liewensmëttel

Ze kromm, ze kleng, ze grouss: D’Iddi hannert on.perfekt ass et, den éischte Buttek fir net perfekt Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze grënnen an esou zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung virzegoen. An dësem Buttek, den am September 2022 zu Marnech an der Nordstrooss-Shopping Mile seng Diere wäert opmaan, sollen Iesswueren, déi aussortéiert musse ginn, well se net den Normen entspriechen oder well de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass, eng zweet Chance kréien, op den Dësch ze kommen.

Niewent dësem Aspekt sollen duerch de Buttek awer och lokal a regional Produzenten ënnerstëtzt ginn, entweeder duerch eng zweet Recolte bei de regionale Geméisbaueren um Feld oder duerch d’Sichegoe vun onverkaafte Produite bei kleng Produzenten, Epicerien a Supermarchéen.

De Buttek selwer funktionéiert lo nach a Form vun engem Pop-up-Store, den eng Kéier am Mount samschdes zu Housen bei Majerus-Geimer Constructions seng Dieren opmécht. De genauen Datum gëtt een op der Facebook-Säit vun on.perfekt gewuer. D’Liewensmëttel ginn do zu engem „Gëff wat et dir wäert ass“-Präis verkaaft. Dat wäert sech änneren, wann de Buttek bis op ass, do ginn d’Iesswueren zu engem feste Präis verkaaft.

On.perfekt gouf als Cooperative gegrënnt, bei där aktiv Memberen am Buttek an och um Feld hëllefen. Et ginn ëmmer Leit gesicht, déi sech aktiv um Projet bedeelege wëllen.  

Eis Welt ass net perfekt, firwat soll eist Geméis et da sinn? " Aline Hentz, Fabienne Faber a Julia Gregor - Grënnerinne vun on.perfekt