Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Vill Liewensmëttel halen sech méi laang wa se kal bleiwen.

Beim Akafen: gitt Uecht, datt frësch oder gefruere Liewensmëttel net méi laang wéi onbedéngt néideg der Zëmmertemperatur ausgesat sinn.

Ënnerwee: transportéiert déi frësch a gefrueren Iesswueren an enger Killtäsch. Esou bleiwen se schéi kill.

Doheem: suergt dat richtegt Araumen an de Frigo, entspriechend de verschiddenen Temperaturzonen, dofir, datt d’Liewensmëttel sech méi laang halen. Stockéiert Wuere mat engem zäitnoen Oflafdatum gutt siichtbar a verbraucht déi als éischt.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.