D’Gemenge spillen eng ganz wichteg Roll am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung

Iwwer déi finanziell an ekologesch Dimensioun eraus huet jiddwereen och eng ethesch Verflichtung, géint d’Liewensmëttelverschwendung virzegoen. D’Erausfuerderung besteet doranner, déi ganz Weltbevëlkerung ze ernären a gläichzäiteg déi natierlech Ressourcen ze schounen, fir d’Zukunft vun den nächste Generatiounen net a Gefor ze bréngen. Duerch d’Proximitéit vun de Gemengen zu hire Bierger sinn dës besser an der Lag, d’Ëffentlechkeet duerch kleng Aktiounen ze sensibiliséieren an esou ze mobiliséieren. Beispiller an Iddien dozou fannt Dir an eiser Broschür – D’Gemengen als Multiplicateur: Praktesch Rotschléi fir manner ze verbëtzen.

Initiativen op lokalem Niveau

D’Lëtzebuerger Gemenge sinn alleguerten invitéiert ginn, sech um Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung op lokalem Niveau ze bedeelegen an dem Antigaspi-Solidaritéitspakt bäizetrieden. Dës Initiativ war e groussen Erfolleg! Vun 102 Gemengen hunn der 92 dëse Pakt ënnerschriwwen.

All solidaresch Gemeng huet d’Méiglechkeet, d’Kanner an der Grondschoul ze sensibiliséieren, andeem se d’Wanderausstellung géint d’Liewensmëttelverschwendung vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an nohalteg Entwécklung, dee se op d’Plaz bréngt an opbaut, gratis weise kann.

Wa jiddweree vun eis säi Verhalen upasst, kënne mer zesummen eppes bewierken!