Den Typ vu Lagerung huet e groussen Afloss op d’Haltbarkeet vun de Liewensmëttel.

D’Aart a Weis, wéi d’Liewensmëttel gelagert ginn, bestëmmt hir Haltbarkeet. D’Haltbarkeetsdauer hänkt ënner anerem vun der Luucht, dem Sauerstoff an der idealer Temperatur of. Och wann all Produit seng individuell Ufuerderunge betreffend d’Lagerung huet, kënnen e puer allgemeng Reegele formuléiert ginn.

Donkel lageren: Luucht beschleunegt d’Verdierwungsprozesser vun Ueleger a Fetter. Stockéiert dës Produkter a Verpakungen, déi keng Luucht duerchloossen (z. B. an enger donkeler Fläsch), oder lagert se am Däischteren (z. B. an enger Spënnchen).

Dréche lageren: Stockéiert Liewensmëttel wéi Nuddelen, Räis, Corn-Flakes, Miel an Zocker dréchen a bei Zëmmertemperatur – am beschten a loftdichte Behälter.

Loftdicht zoumaachen: Vill Verdierwungsprozesser ginn duerch Sauerstoff gefërdert. Wann Dir Liewensmëttel loftdicht verpaakt oder vakuuméiert, kënnt Dir Ranzegkeet, Schimmel, Verfierwungen a.s.w. vermeiden.

Kal lageren: Fir d’Alterungs- an d’Verdierwungsprozesser maximal ze reduzéieren, sollt Dir Liewensmëttel kill oder kal lageren (kill Spënnchen, Frigo oder Killtru). Op ville Liewensmëttel fannt Dir Informatiounen iwwer déi ideal Lagertemperatur. Passt op, datt Äre Frigo kal genuch ass (max. 5 °C am mëttelste Beräich).

Afréieren (-18 °C) ass eng gutt Alternativ, fir Liewensmëttel méi laang halen ze kënnen. Déi meescht Produite kënnen agefruer ginn: Brout bis zu dräi Méint, Mëllechproduite bis zu sechs Méint, Fleesch a Fësch alt bis zu engem Joer.

Detailléiert Informatiounen iwwer d’Lagerung vun de verschiddene Liewensmëttel fannt Dir hei.

Haalt Är Spënnchen an Är Schief ëmmer propper a fräi vu Grimmelen an anere Liewensmëttelreschter. Nëmmen esou kënne Schädlingen sech net vermehren an op d’Liewensmëttel iwwergräifen.

Liewensmëttel