Firwat verdroen sech den Apel an d’Banann net? Wat kann ee mat alem Brout soss nach maachen ausser et un d’Inten ze verfidderen? Ass Miel mat engem ofgelafenen Datum wierklech net méi ze genéissen?
D’Antigaspi-Ausstellung riicht sech un d‘Verbraucher als wichteg Verursaacher vu Liewensmëttelverschwendung. Zil ass et, besonnesch déi Jonk zum Thema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren, nei Verhalensreegelen opzezeechnen an esou d’Wäertschätzung vun de Liewensmëttel ze fërderen an d’Verbëtzen am Haushalt ze reduzéieren.