Vum Verschwenden a Verwenden

De Jugendtreff Käl-Téiteng ass – zesumme mat den „Déifferdenger Pléckerten“ – de Gewënner vum Opruff fir Projete géint d’Liewensmëttelverschwendung vum Landwirtschaftsministère 2020. Ziel vun de Responsabelen ass et, ee Zero Waste-Jugendhaus ze ginn. Déi jonk Leit léieren, virun allem beim Akafen a Kachen, hiren Ëmgang mat Liewensmëttel ze iwwerdenken a, wa néideg, ze änneren. Dokumentatiounen, déi si zesumme kucken, ginn hinnen dat néidegt Hannergrondwëssen, fir als Konsument informéiert ze entscheeden.

Kachatelieren an deene mat onperfektem Geméis an och mat Reschter geschafft gëtt weisen hinnen: Et muss net alles schéi sinn, fir dass et gutt schmaacht a mat Liewensmëttel, déi iwwreg bliwwe sinn, kann een och nach eppes Guddes kachen.

Déi Jonk huelen dës Message mat Heem a beaflosse sou och d’Aart a Weis wéi hier Eltere mat Liewensmëttel ëmginn. Si droen den Thema Liewensmëttelverschwendung a wat een dogéint maache kann och eraus an d’Gesellschaft, sou zum Beispill bei Themenowenter, zu deenen och d’Bierger aus der Gemeng invitéiert ginn.