Initiativen

Antigaspi Solidaritéitspakt mat de Gemengen

Well d‘Gemengen am nooste beim Bierger sinn, kënne si am beschte mat klengen Aktioune mathëllefen hir Bierger ze sensibiliséieren an esou eng breet Mobilisatioun lass trëppelen.

Antigaspi Ausstellung

Zil vun der Ausstellung ass et, besonnesch déi Jonk zum Thema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren, d’Wäertschätzung vun de Liewensmëttel ze fërderen an d’Verbëtzen am Haushalt ze reduzéieren.

Den Antigaspi Frigo vun Tënten

Zënter dem 2. September 2019 huet d’Jugendherberg vun Huelmes ee Self-Service-Frigo zu Tënten am Duerfzentrum opgeriicht, fir hire gekachte Menüen eng zweet Chance ze bidden, giess ze ginn.

Antigaspi Charta

D’Liewensmëttelverschwendung kann een nëmme mat Hëllef vun enger breeder Mobilisatioun an de Grëff kréien. Dofir ass et och esou wichteg datt sech méiglechst vill Acteuren deem Solidaritéitsélan uschléissen.

Redistributioun a Spende vu Liewensmëttel

Zu Lëtzebuerg gëtt et zwar kee Gesetz, dat d’Supermarchéen obligéiert, karitativen Associatiounen hir “Invendus’en” weider ze ginn amplaz se ewechzegeheien, mee d’Supermarchésketten hunn op fräiwëlleger Basis eng etlech Kooperatioune

Ecobox fir d'Iesse matzehuelen

“ECOBOX - Méi laang genéissen“ ass een nationale Pfandsystem fir Iessen ze transportéieren! A ville Restauranten, Kantinnen an Take-Aways erlaabt de System de Gäscht, hiert d’Iesse mat ze huelen.

Schoul- an Universitéitskantinne vu RESTOPOLIS

D’Schoul- an Universitéitskantinne vun RESTOPOLIS engagéiere sëch, fir hier Kiche méi nohalteg ze geréieren.

Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne

Weltwäit gëtt 1/3 vun alle Liewensmëttel déi produzéiert ginn, ewech geheit. Déi gréisste Verbëtzer sinn d’Privatleit. Zu Lëtzebuerg verbëtzt e Privatstot an der Moyenne 124 kg op de Kapp pro Joer, dat sinn 3 gefëllten Drecksween pro Dag!
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram