Liewensmëttel zum klenge Präis

D’Butteker vun der Caritas an dem Roude Kräiz verfügen iwwer eng Rëtsch Grondartikelen, déi fir een Drëttel vum Akafspräis verkaaft ginn. Dës Basisoffer gëtt duerch Artikelen, déi am Supermarché net verkaaft goufen, awer nach gutt sinn, completéiert. Heifir muss oft just e symbolesche Präis bezuelt ginn.

D’Sortiment vun den Cent-Butteker besteet haaptsächlech aus Liewensmëttel, déi gratis vun de Supermarchéen zur Verfügung gestallt ginn. Fir e symboleschen Don vun 2 €, also 200 Cent (Originn vum Numm „Cent“-Buttek), ginn dës Liewensmëttel un d’Clientë verdeelt.

An de Sozialrestaurante vun der Stëmm vun der Strooss kënne Persounen a prekäre Liewenssituatiounen sech fir 0,50 € en Iessen a fir 0,25 € e Gedrénks kafen. D’Iesswuere stamen aus engem Partenariat mat engem Hypermarché a gi vun de Leit aus dem Atelier Caddy, och vun der Stëmm vun der Strooss, ofgeholl a verdeelt.

D’Mataarbechter, déi zu engem groussen Deel benevol sinn, këmmere sech ëm d’Ofhuele vu Liewensmëttel aus de Supermarchéen, den Tri an d’Lageren an de gudde Fonctionnement vun de Butteker bzw. d’Preparatioun vun de Liewensmëttel fir d’Consommatioun am Restaurant.

Fir Persounen a prekäre Liewenssituatiounen ass den Zougang zu Liewensmëttel net ëmmer einfach. Dëser Problematik hunn sech d’Sozialepicerien a -restauranten ugeholl a si gi mat hiren Demarchë gläichzäiteg géint Liewensmëttelverschwendung vir. "