Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
08/04/2025

An der Mediathéik hei op antigaspi.lu gëtt flott an informatiivt pedagogescht Material zum Thema Antigaspi ugebueden. De Projet „Mir sinn Antigaspi, an Dir?“ riicht sech u Kanner tëschent 4 an 12 Joer, déi an d’Maison Relais ginn.

D’Zil ass et, d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis fir Theeme wéi Liewensmëttelverschwendung a lokaalt souwéi biologescht Iessen ze sensibiliséieren. De Projet ëmfaasst verschidden Challengen: kollektiv Challengen, déi an der Maison Relais ëmgesat ginn, an individuell Challengë fir doheem mat der Famill ze maachen. Zum Schluss kréien d’Kanner all en Zertifikat, fir si fir hir Efforten ze belounen.

Déi 6 kollektiv Challengë sinn:

  1. Spill iwwer saisonaalt Uebst a Geméis
  2. Treffe mat engem lokale Produzent
  3. Menü zesummestellen
  4. Kach-Workshop
  5. Analys vu Liewensmëttelverschwendung
  6. Bastel-Aktivitéit

Déi 8 Challengë fir doheem sinn:

  1. Zesumme kachen
  2. Haltbarkeets-Datumer
  3. Planzen
  4. Liewensmëttelverschwendung
  5. Den Antigaspi-Frigo
  6. Uebst plécken
  7. Antigaspi-Film
  8. Iddiskëscht

Mat Hëllef vun dësem pedagogesche Material léieren d’Kanner scho vu klengem un, den Ëmgang mat Liewensmëttel an d’Iessen nohalteg ze gestalten.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.