Wéi lagert een Uebst am beschten?
Fir d’Lagerung vun Uebst gëllt als Fauschtreegel: Kärenuebst hält sech méi laang am Frigo. Zitrus- an aner tropesch Friichte wéi Banannen, Melounen oder Avocadoe gehéieren net an de Frigo. Wann Dir awer doheem mat Uebstmécke geplot sidd oder vill zeideg Friichten hutt, kënnt Dir tropesch Friichten och am Frigo halen.
Uebst, dat kal Temperature verdréit an am Geméisfach vum Frigo soll gelagert ginn: Äerdbier, Äppel, Aprikosen, Avocadoen, Bieren, Drauwen, Figen, Hammbier, Kiischten, Kiwien, Molbier, Nektarinnen, Päerdsbier, Pijen, Prommen a Quetschen.
Sensibel Friichten, déi een net soll an de Frigo leeën, mee am beschten op enger däischterer a killer Plaz bei +/- 18°C lagert: Ananas, Banannen, Grapefruit, Mandarinnen, Mangoen, Melounen, Orangen, Papayaen an Zitrusfriichten.
Friichten, déi ee bei Zëmmertemperatur räife loossen an dann am Frigo lagere kann: Avocadoen, Bieren, Kiwien, Nektarinnen, Pijen, Prommen a Quetschen.
Duerch déi héich Loftfiichtegkeet besteet am Frigo ëmmer de Risiko, datt sech Schimmel bilt. Wann eng Kéier ee Liewensmëttel am Frigo schimmeleg ginn ass, soll en dat direkt ewechgeheien an de Frigo grëndlech propper man fir ze verhënneren, dass d’Schimmelsporen aner Iesswuere befalen.
Äppel lagert een am beschte kill, am Frigo oder am Keller (wa méiglech ënner 5°C) an däischter.
Äppel scheeden Ethylen aus, e Gas, duerch deen Uebst a Geméis, dat no dobäi läit, méi séier zeideg gëtt. Äppel sollten dowéinst separat gelagert ginn.
Lageräppel halen sech ënner optimale Konditiounen 2-3 Méint. Si däerfe beim Alagere keng faul Plazen hunn. Et soll een se net openee leeën, mee eenzel, fir dass se keng Drockstelle kréien. Faul Äppel musse reegelméisseg aussortéiert ginn, fir dass net och déi aner faul ginn.
Opgepasst: Souguer am Frigo kënnen Äppel eventuell d’Haltbarkeet vun anerem Geméis, wéi z. B. Zalot, reduzéieren.