Wéi lagert een Äppel am beschten ?
Am Frigo oder am Keller, am beschte kill, ënner 5 °C, an däischter.
Äppel scheeden e Gas (Ethylen) aus, duerch deen Uebst a Geméis, dat an der Noperschaft läit, méi séier zeideg gëtt. Äppel sollte wa méiglech separat gelagert ginn.
Lageräppel halen sech ënner optimale Konditiounen 2 – 3 Méint.
Opgepasst: Souguer am Frigo kënnen Äppel eventuell d’Haltbarkeet vun anerem Geméis wéi z. B. Zalot reduzéieren.