Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Question 1/20

1/20 Wéi vill vun de weltwäit produzéierte Liewensmëttel geet verluer oder gëtt verschwent?

1.
1/10
2.
1/5
3.
1/3
4.
1/2
1/3

Laut dem Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) ginn 32 %, ronn een Drëttel also, vun de weltwäit produzéierte Liewensmëttel verluer oder gi verschwent. D’Produktioun vun dësen ongenotzte Liewensmëttel huet grouss Auswierkungen op d’Ëmwelt, well Ressource wéi Waasser, Energie a Land dofir onnéideg verschwent ginn.

Méi Informatioune ginn et hei.

2/20 Wéi vill Prozent vun den Zäregasemissioune gi weltwäit duerch Liewensmëttelverloschter an -offäll verursaacht?

1.
1-2 %
2.
8-10 %
3.
10-12 %
4.
15-20 %
8-10 %

Liewensmëttelverloschter an -offäll verursaachen 8-10 % vun de weltwäiten Zäregasemissiounen – bal dat Fënneffacht vun de Gesamtemissioune vun der Aviatioun. Engersäits verursaacht d’Produktioun vu Liewensmëttel Emissiounen, anerersäits entstinn duerch de Verrottungsprozess op den Deponië weider Zäregasen.

Méi Informatioune ginn et hei.

3/20 Wou ginn zu Lëtzebuerg déi meeschte Liewensmëttel verschwent?

1.
An den Haushalter
2.
An der Gastronomie
3.
An der Produktioun
4.
Am Handel
An den Haushalter

Zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner vun der EU, sinn d’Haushalter déi gréisste Verschwender vu Liewensmëttel. Iwwer d’Hallschent – ganzer 53 % – vun den ewechgeheiten Iesswuere stamen aus Haushalter. Grënn heifir sinn, datt ze vill akaaft ginn ass, d’Liewensmëttel schlecht gelagert gi sinn, d’Verbrauchsdate falsch interpretéiert gi sinn an/oder Liewensmëttelreschter net verwäert gi sinn.

Méi Informatioune ginn et hei.

4/20 Wéi vill Tonne Liewensmëttel (opgeronnt) goufen 2022 am Ganzen zu Lëtzebuerg an d’Dreckskëscht geheit?

1.
10.000 Tonnen
2.
20.000 Tonnen
3.
80.000 Tonnen
4.
100.000 Tonnen
80.000 Tonnen

Zu Lëtzebuerg goufen 2022 ganzer 79.405 Tonne Liewensmëttel an d’Dreckskëscht geheit. 53 % dovu goufen an den Haushalter verschwent (42.153 t), 24 % (19.012 t) sinn an der Produktioun verluer gaang, 12 % (9.626 t) sinn an der Restauratioun ewechgeheit ginn an 11 % (8.614 t) am Handel. Dës grouss Quantitéit u Ressourcëverschwendung weist, wéi wichteg et ass, Moossname fir d’Reduzéierung vu Liewensmëtteloffäll ze ergräifen. An Ärem Haushalt kënnt Dir mat eisen 8 gëllene Reegele géint d’Verschwende vu Liewensmëttel direkt eppes ënnerhuelen.

Méi Informatioune ginn et hei.

5/20 Wat ass den Ënnerscheed tëschent dem Verbrauchs- an dem Mindesthaltbarkeetsdatum?

1.
Et gëtt keen Ënnerscheed.
2.
Nom Oflaf vun deenen zwou Indikatioune mussen déi Liewensmëttel entsuergt ginn.
3.
De Mindesthaltbarkeetsdatum steet op verdierfleche Wueren, de Verbrauchsdatum op Wueren, déi sech halen.
4.
De Verbrauchsdatum gëtt un, bis wéini ee Produit sécher consomméiert ka ginn, de Mindesthaltbarkeitsdatum gëtt un, bis wéini de Produit seng optimal Qualitéit behält.
De Verbrauchsdatum gëtt un, bis wéini ee Produit sécher consomméiert ka ginn, de Mindesthaltbarkeitsdatum gëtt un, bis wéini de Produit seng optimal Qualitéit behält.

D’Indikatioun „Verbrauche bis…“ oder „à consommer jusqu’au…“ ass de Verbrauchsdatum. Ass de Verbrauchsdatum ofgelaf, soll dat Liewensmëttel net méi consomméiert ginn, well et gesondheetsschiedlech ka sinn. Dësen Datum gëtt bei Wuer uginn, déi liicht verdierflech ass, wéi zum Beispill Gehacktes, Gefligel, Fësch oder Zoossissen.

D’Indikatioun „Mindestens haltbar bis…“ oder „à consommer de préférence avant…“ ass de Mindesthaltbarkeetsdatum. Bis zu dësem Datum iwwerhëlt den Hiersteller d’Garantie, dass ee Produit „gutt“ ass, also Qualitéitseegenaarte wéi Faarf, Geroch, Goût a Nährwerter sou bleiwen, wéi op dem Dag, op dem de Produit verpaakt gouf – déi richteg Lagerung virausgesat. Oft si Liewensmëttel awer och nach nom Oflaf vum Mindesthaltbarkeetsdatum genéissbar. Et ass also keen „Oflafdatum“. Ee Mindesthaltbarkeetsdatum fënnt een zum Beispill op Nuddelen, Kichelcher, Räis, Miel oder Kaffi.

Méi Informatioune ginn et hei.


6/20 Fir wéi eng Produite gëllt wéi een Datum?

1.
Verbrauchsdatum fir Konserven, Mindesthaltbarkeetsdatum fir frësche Fësch
2.
Verbrauchsdatum fir frësch Fleeschwueren, Mindesthaltbarkeetsdatum fir Nuddelen
3.
Verbrauchsdatum fir déifgefruere Produiten, Mindesthaltbarkeetsdatum fir frëscht Uebst
4.
Verbrauchsdatum fir Eeër, Mindesthaltbarkeetsdatum fir frësch Fleeschwueren
Verbrauchsdatum fir frësch Fleeschwueren, Mindesthaltbarkeetsdatum fir Nuddelen

Frësch Fleesch- a Fëschwueren souwéi aner liicht verdierflech Produiten hunn ee Verbrauchsdatum. Dréche Produite wéi Nuddelen, Quinoa oder Räis souwéi Konserve par contre hunn ee Mindeshaltbarkeetsdatum. Vill Liewensmëttel sinn och nom Oflaf vum Mindesthaltbarkeetsdatum nach genéissbar. Wichteg ass et, seng Sënner ze notze fir ze préiwen, ob ee Liewensmëttel nach gutt ass fir z’iessen. Deemno gëllt: kucken, richen, schmaachen.

Méi Informatioune ginn et hei.

7/20 Wat soll ee virum Akafe maachen, fir Liewensmëttelverschwendung ze vermeiden?

1.
Onvirbereet an de Supermarché goen a sech do vun den Offeren inspiréiere loossen.
2.
Mat eidelem Mo an de Buttek goen an dat kafen, wourop ee grad Loscht huet.
3.
Komplizéiert Rezepter mat villen Zutaten am Internet sichen.
4.
Ee Bléck an de Frigo an an d’Spënnche geheien an dann eng Akafslëscht schreiwen.
Ee Bléck an de Frigo an an d’Spënnche geheien an dann eng Akafslëscht schreiwen.

Een Akafsziedel hëlleft dobäi, gezielt anzekafen an onnéideg Akeef ze vermeiden. Doduerch gëtt verhënnert, datt Liewensmëttel akaf ginn, déi spéider ongenotzt ewechgeheit musse ginn.

Méi Informatioune ginn et hei.

8/20 Wat bedeit ee gielt Band un engem Bam?

1.
De Bam steet ënner Naturschutz.
2.
D’Friichte vum Bam däerfe gratis gepléckt a geraf ginn.
3.
De Bam gëtt geschwënn ëmgemaach.
4.
De Bam gehéiert zu engem Privatterrain.
D’Friichte vum Bam däerfe gratis gepléckt a geraf ginn.

Ee gielt Band mat der Opschrëft „Hei dierft Dir plécken!“ un engem Uebstbam signaliséiert, datt d’Friichte vu jidderengem gratis zum Eegeverbrauch däerfe gepléckt ginn, ouni de Proprietär virdrun ze froen. Dëst am Respekt vun der „Charte de bonne conduite“ fir d’Aktioun „Gielt Band“. Dës Aktioun hëlleft, d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren, awer och d’Wäertschätzung vun de Liewensmëttel ze steigeren an eis Traditiounen an d’Wëssen iwwert d’Preparatioun an d’Konservéierung vun Uebst ze erhalen.

Méi Informatioune ginn et hei.

9/20 Wat ass bei der Lagerung vun dréchene Liewensmëttel ze beuechten?

1.
Si mussen ëmmer am Frigo versuergt ginn.
2.
Si sollen an der Originalverpackung oder a loftdichte Behälter gelagert ginn.
3.
Si solle vill Sonneliicht kréien.
4.
Si musse reegelméisseg gewäsch ginn.
Si sollen an der Originalverpackung oder a loftdichte Behälter gelagert ginn.

Dréche Liewensmëttel wéi Miel, Räis, Kichelcher oder Nuddele sollen an der Originalverpackung oder a loftdichte Behälter versuergt ginn, fir se viru Fiichtegkeet, Schädlingen a Veronrengegung ze schützen. Eng dréchen, kill an däischter Lagerung verlängert hier Haltbarkeet.

Méi Informatioune ginn et hei.


10/20 Firwat soll een Äppel a Banannen net zesumme mat anere Friichte lageren?

1.
Déi aner Friichte verdierwe méi séier.
2.
D’Äppel a Bananne verléieren hire Goût.
3.
Déi aner Friichte gi méi haart.
4.
D’Äppel a Banannen zéien Insekten un.
Déi aner Friichte verdierwe méi séier.

Äppel a Bananne produzéieren Ethylen, ee Gas, deen de Räifungsprozess vum Uebst beschleunegt. Wa si zesumme mat anere Friichte gelagert ginn, kann dat dozou féieren, datt déi aner Friichte méi séier räifen a verdierwen. Et ass dowéinst unzeroden, dës Friichte getrennt ze lageren.

Méi Informatioune ginn et hei.

11/20 Wou ass et am Frigo am keelsten?

1.
An der Dier
2.
Am ieweschte Fach
3.
Am Geméisfach
4.
Am ënneschte Fach
Am ënneschte Fach

Déi keelste Platz am Frigo ass an der Reegel am ënneschte Fach (d’Glasplack) iwwert dem Geméisfach. Hei solle liicht verdierflech Liewensmëttel wéi Fleesch a Fësch gelagert ginn, fir hier Haltbarkeet ze maximiséieren.

Méi Informatioune ginn et hei.

12/20 Wéi een Uebst a Geméis soll am Frigo gelagert ginn?

1.
Kalbassen a Gromperen
2.
Mangoen an Ënnen
3.
Kiischten a Muerten
4.
Banannen an Orangen
Kiischten a Muerten

D’Lagerung vun Uebst a Geméis am Frigo hänkt vun hiren individuellen Eegenschaften an hirer Beschafenheet of. Verschidden Zorte profitéiere vun der Keelt, well se doduerch méi lues räifen a méi laang frësch bleiwen. Anerer dogéint kënnen duerch déi niddreg Temperaturen u Goût verléieren oder hier Textur veränneren. Et ass wichteg, déi spezifesch Bedürfnisser vun all Zort ze berücksichtegen, fir hir Haltbarkeet a Qualitéit optimal ze erhalen.

Méi Informatioune ginn et hei.

13/20 Wourop muss een oppassen, wann ee fir eng Party 2 Këschte Gedrénks (ca. 16 Liter) op eng Kéier an de Frigo leet?

1.
Genuch Platz fir d’Loftzirkulatioun am Frigo loossen.
2.
Déi zwou Këschten am Ofstand vun 10 Minutten noeneen an de Frigo leeën.
3.
D’Temperatur vum Frigo méi héich stellen.
4.
Alles am Frigo sou no wéi méiglech zesumme stellen.
Genuch Platz fir d’Loftzirkulatioun am Frigo loossen.

Beim Araume vu vill waarmem Gedrénks an de Frigo ass et wichteg, d’Auswierkungen op d’Temperatur am Frigo ze berücksichtegen. Wann ze vill waarm Produite mateneen era getässelt ginn, geet d’Temperatur am ganze Frigo an d’Luucht. Ee Frigo mat duerchschnëttlecher Leeschtung brauch tëschent 2 an 8 Stonnen, fir 2 Këschte Gedrénks ze killen. Dat kann dozou féieren, datt Liewensmëttel, déi scho méi laang am Frigo sinn, hier optimal Lagertemperatur verléieren a méi séier verdierwen. Fir dat ze verhënneren, soll een dorop oppassen, de Frigo net ze iwwerfëllen a genuch Platz fir eng gutt Loftzirkulatioun ze loossen. Et kann och hëllefräich sinn, d’Gedrénks no a no a klenger Unzuel eran ze leeën, fir d’Erhéijung vun der Temperatur am Frigo ze miniméieren.

14/20 Wéi vill ongekachte Räis soll ee fir eng erwuesse Persoun kachen?

1.
60 Gramm als Bäilag an 120 Gramm als Haaptplat
2.
80 Gramm als Bäilag an 160 Gramm als Haaptplat
3.
100 Gramm als Bäilag an 200 Gramm als Haaptplat
4.
120 Gramm als Bäilag an 240 Gramm als Haaptplat
60 Gramm als Bäilag an 120 Gramm als Haaptplat

Eng üblech Portioun ongekachte Räis fir eng erwuesse Persoun mécht ongeféier 60 Gramm aus als Bäilag an 120 Gramm (1/2 Kaffisbecher) als Haaptplat. Déi genau Quantitéit kann natierlech jee no Appetit a weidere Bäilage variéieren. Wa bei enger Moolzecht Räis iwweregbleift, kann een en den Dag dono z. B. an enger Zopp verwäerten.

15/20 Wéi kënne regional a saisonal Liewensmëttel dobäi hëllefen, d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren?

1.
Si hu guer keen Afloss op d’Liewensmëttelverschwendung.
2.
Si sinn ëmmer méi bëlleg.
3.
Si mussen net geschielt ginn.
4.
Si hu méi kuerz Transportweeër.
Si hu méi kuerz Transportweeër.

Regional a saisonal Liewensmëttel hu méi kuerz Transportweeër a brauchen also manner Transportzäit. Doduerch kommen se méi frësch beim Client un an halen sech méi laang. Sou dréit de Kaf vu saisonale Produiten aus der Regioun dozou bäi, manner Liewensmëttel ze verschwenden. Doriwwer eraus ënnerstëtzt een op dës Manéier lokal Produzenten a reduzéiert den ekologesche Foussofdrock vun de Produiten.

Méi Informatioune ginn et hei.

An op regionalsaisonal.lu, der Websäit vum Ministère fir Landwirtschaft iwwer regional a saisonal Produiten.

16/20 Wat ass den Ënnerscheed tëschent Liewensmëttelverloscht an -offall?

1.
Et gëtt keen Ënnerscheed tëschent dësen zwee Begrëffer.
2.
Verloscht bezitt sech op d’Produktioun, Offall op de Konsum.
3.
Verloscht betrëfft nëmme verdierflech Wueren, Offall nëmme verpaakte Wueren.
4.
Liewensmëtteloffall entsteet nëmmen a Restauranten.
Verloscht bezitt sech op d’Produktioun, Offall op de Konsum.

Liewensmëttelverloscht bezeechent de Verloscht vu fir de mënschleche Konsum bestëmmten Narungsmëttel iwwerall do, wou se produzéiert oder verschafft ginn. Liewensmëttelverloschter triede laanscht der ganzer Liewensmëttelversuergungsketten bei der Recolte, der Produktioun an der Veraarbechtung op. Liewensmëtteloffall entsteet par contre um Enn vun der Versuergungsketten am Handel, an der Gastronomie a beim Konsument. Vermeidbar Liewensmëttelverloschter an -offäll bezeechent een als Liewensmëttelverschwendung.

Méi Informatioune ginn et hei.


17/20 Wéi soll ee gefruerent Gefligelfleesch entdeeën?

1.
Bei Zëmmertemperatur
2.
A waarmem Waasser
3.
Am Frigo
4.
An der Mikrowelle
Am Frigo

Gefruerent Gefligelfleesch soll am Frigo, op engem separaten Teller, deen d’Ofdrëpswaasser opfänkt, an ouni Kontakt zu anere Liewensmëttel entdeet ginn, fir de Wuesstem vu Bakterien ze miniméieren. Dat ass déi sécherst Method, well d’Fleesch dobäi konstant kill bleift. Et soll een och drop oppassen, dass virum Afréieren de Verbrauchsdatum nach net iwwerschratt ass.

Méi Informatioune ginn et hei.


18/20 Ginn duerch d’Afréieren all d’Bakterien an de Liewensmëttel ofgedéit?

1.
Jo
2.
Neen
Neen

Duerch d’Afréiere ginn net all d’Bakterien an de Liewensmëttel ofgedéit; et mécht just, dat se méi lues wuessen. Beim Entdeeë kënne sech d’Bakterie rëm vermehren. Dofir ass et wichteg, agefruere Liewensmëttel richteg ze entdeeën a séier ze verschaffen.

Méi Informatioune ginn et hei.

19/20 Wat soll ee bei der Zoubereedung vu Liewensmëttel op kee Fall maachen?

1.
Vir a wärend dem Kache reegelméisseg d’Hänn wäschen.
2.
D’Zutate richteg lageren.
3.
Dat selwecht Schneitbriet fir réi a gekacht Liewensmëttel benotzen.
4.
D’Narungsmëttel grëndlech erhëtzen.
Dat selwecht Schneitbriet fir réi a gekacht Liewensmëttel benotzen.

Fir d’Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren ass et wichteg, beim Kachen op d’Propretéit opzepassen. Beim Kache soll een sech reegelméisseg d’Hänn wäschen an all d’Surfacen, d’Kachgeschier an d’Geräter propper maachen. Liewensmëttel musse grëndlech erhëtzt ginn, besonnesch Fleesch, Gefligel, Eeër a Fësch, fir sécherzestellen, datt si keng gesondheetsschiedlech Bakterie méi enthalen. En plus ass et entscheedend, Liewensmëttel bei deene richtegen Temperaturen ze lageren: Allgemeng solle fäerdeg Platen net méi laang wéi zwou Stonne bei Zëmmertemperatur stoen. Verdierflech Liewensmëttel mussen, och wann se gekacht goufen, direkt giess ginn, oder am Frigo ofgekillt ginn (ënner 5 °C). Réi a gekachte Liewensmëttel sollte wärend der Preparatioun strikt getrennt ginn, fir Kräizkontaminatiounen ze vermeiden. Fir d’Verschaffe vu réie Liewensmëttel sollte getrennt Messer a Schneitbrieder benotzt ginn.

Méi Informatioune ginn et hei.


20/20 Oppe Fro:

Wéi eng Iddien oder Virschléi hutt Dir, fir d’Liewensmëttelverschwendung am Haushalt, am Beruffsalldag, bei Fester mat Famill/Frënn oder bei Evenementer ze reduzéieren?

Deelt eis Är Gedanken an Iddie mat.