Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
17/12/2024

D’Feierdeeg sti virun der Dier, an domat och déi Zäit, an där dacks ze vill gekacht gëtt a vill Liewensmëttel, déi een nach hätt kënnen iessen, an d’Dreckskëscht geheit ginn. Ofgesi vun de negativen Auswierkunge vun dësen, fir näischt produzéierten Narungsmëttel op d’Ëmwelt an den eegene Portmonni, sollt et eleng schonn ethesch gesinn een absolutten No-Go sinn, Iessen ewech ze geheien.

Dobäi ass et grondsätzlech einfach, onnéideg Liewensmëtteloffäll ze vermeiden, och wärend de Feierdeeg, an zwar mat dësen 8 Reegelen:

  • Clever akafen: Iwwerpréift wat an Ärem Frigo, der Tru an der Spënnchen ass, iert Dir akafe gitt. Stellt ee Menu zesummen a schreift eng Akafslëscht mat de Quantitéiten. Passt bei interessanten Offeren op, déi Wuere wierklech ze brauchen. Gräift och no Produiten, bei deenen de Verbrauchsdatum geschwënn ofleeft, awer just, wann Dir dës direkt iesst oder verschafft. Kaaft Liewensmëttel aus lokaler Produktioun, déi vun sech aus saisonal sinn. Op regionalsaisonal.lu, der Internetsäit vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau zu saisonale Liewensmëttel aus regionaler Produktioun, fannt Dir interessant Videoen iwwert Lëtzebuerger Produzenten, Rezeptiddien fir all Saison souwéi ee Saisonskalenner. Op sou-schmaacht-letzebuerg.lu fannt Dir ee Repertoire vu Lëtzebuerger Liewensmëttelproduzenten. Informatiounen iwwert d’Wäibaugebitt „Moselle Luxembourgeoise“, d’Wënzer an déi ugebaute Riefzorte fannt Dir op vins-cremants.lu.
  • Krommem Uebst a Geméis eng Chance ginn: Aussortéiert krommt oder net méi ganz frëscht Uebst a Geméis gëtt a ville Geschäfter zu reduzéierte Präisser ugebueden. Profitéiert heivu wann Dir Plate plangt, bei deenen d’Ausgesi vun de Produite keng Roll spillt, wéi Zoppen, Püreeën oder Curryen. Well vum Geschmaach hier sinn dës Liewensmëttel gläichwäerteg.
  • D’Killketten net ënnerbriechen: Plangt Äre Shoppingdag esou, datt de Liewensmëttelakaf zum Schluss erleedegt gëtt an Dir direkt dono Heem fuert, fir d’Produiten direkt richteg ze versuergen. Huelt fir Mëllechproduiten, Fleesch a Fësch eng Killtäsch mat. Bei dëse Produiten ass et wichteg, datt se vun der Produktioun bis zum Verbrauch riichtduerch kill gelagert sinn.
  • De Frigo richteg araumen: Wann Dir de Frigo araumt, da passt op, datt Produiten, bei deenen de Verbrauchs- oder de Mindeshaltbarkeetsdatum geschwënn ofleeft, vir stinn. Wuer déi sech méi laang hält, kënnt hannendrun. Et mécht och een Ënnerscheed, wou Dir d’Produiten histellt, well ënnen am Frigo ass et méi kal wéi uewen, an an der Dier ass et am wäermsten.
  • D’Liewensmëttel richteg lageren: Uebst a Geméis muss jee no Zort aneschters gelagert ginn. Och Mëllechproduiten, Brout a Pâtisserie, Fleesch a Fësch, Kéis, Eeër, Drécheproduiten, all Liewensmëttel mussen hiren Eegenschaften entspriechend versuergt ginn, fir dat se sou laang wéi méiglech frësch bleiwen, respektiv nach gutt fir z’iesse sinn.
  • D’Haltbarkeet préiwen: Et ass wichteg, den Ënnerscheed tëschent dem Mindesthaltbarkeitsdatum (à consommer de préférence avant…) an dem Verfallsdatum (à consommer jusqu’au…) zu kennen.
    • De Mindesthaltbarkeitsdatum steet op Produite wéi Nuddelen, Räis, Quinoa, Kichelcher, Konserven oder Kaffi. Et ass ee Qualitéitsdatum bis zu dem den Hiersteller déi charakteristesch Eegenschafte vum Produit garantéiert. Vill Liewensmëttel sinn och nom Oflaf vun dësem Datum nach gutt fir z’iessen, hei gëllt: Kucken, richen, schmaachen.
    • De Verfallsdatum steet op liicht verdierfleche Liewensmëttel wéi frëscher Mëllech, Gehacktes oder Gefligel. Et ass ee Wegwerfdatum. Wann dësen Datum ofgelaf ass, däerf een dat Liewensmëttel net méi iessen, well et gesondheetsschiedlech ka sinn.
  • Léiwer kleng Portiounen huelen: Wann Dir wärend de Feierdeeg Är Gäscht zerwéiert, dann zerwéiert kleng Portiounen a sot hinnen, dass si sech dono nach méi kënnen huelen. Sou kënnen d’Liewensmëttelreschter nach eng Kéier verwäert ginn.
  • Iessensreschter kreativ verwäerten: Déi meescht Liewensmëttelreschter vun de Festdeeg kënnen den Dag dono an engem anere Plat verschafft ginn. Beim Kache mat Reschter gëllt: Einfach ausprobéieren!