Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
15/11/2024

Am Kader vum internationalen Antigaspi-Dag hat de Landwirtschaftsministère d’Leit dozou opgeruff, hier Antigaspi-Rezepter eranzeschécken; déi Rezepter also, an deenen d’Reschter vun deenen Deeg virdru verschafft ginn. Ënnert all den Zouschrëfte gouf dat originellst Antigaspi-Rezept erausgesicht: Pasta mat enger Kalbass-Feta-Zooss vun der Madamm Mandy Poncin. Si huet dofir Reschter vun enger Lasagne a vun enger Kalbass mat Feta aus dem Uewen verwäert.

Hei ass d’Rezept:

  • Lasagneblieder a Stécker briechen a wéi Nuddelen a gesalztem Waasser kachen.
  • Déi scho gebake Kalbass mam Feta an enger Kasseroll opwiermen. Ram dobäi ginn a mam Mixer zu enger Zooss püréieren. Wa se net flësseg genuch ass, e bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
  • Fir e bësse Faarf a Bëss an de Plat ze bréngen, kommen e puer gréng Ierbessen aus dem Tifküler dobäi.
  • Dat Ganzt mat Salz, Peffer a Kürbisgewürz wierzen.
  • Déi gekachte Stécker Lasagneblieder ofwiesselnd mat der Zooss an e puer Schichten op een Teller maachen.
  • Parmesan uewendrop ginn, frësch gehuwwelt wa méiglech.
  • Frësche Basilikum, Piniekären an ee Schotz Olivenueleg dobäi ginn.
Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.