Mir sinn Antigaspi - an Dir?

Tatsächlech gëtt een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ewechgehäit. Well gläichzäiteg awer ëmmer nach ronn 733 Millioune Mënschen op der Welt Honger leiden, ass et net acceptabel, näischt dogéint ze ënnerhuelen. Nieft der moralescher Obligatioun, sech dem Problem unzehuelen, däerf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Duerch d’Reduzéierung an d’Preventioun vu Liewensmëttelverloschter a Liewensmëttelverschwendung ginn CO2-Emissioune reduzéiert an de Verbrauch vu Land a Waasserressourcë gëtt limitéiert.

Zu Lëtzebuerg hu mir eis d’Zil gesat, fir bis 2030 d’Liewensmëttelverschwendung am Handel, an der Restauratioun an och bei de Konsumenten ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Dat selwecht gëllt fir d’Produktioun. Hei schwätzt een allerdéngs net vu Liewensmëttelverschwendung, mä vu Liewensmëttelverloschter.

De Landwirtschaftsministère huet d’Antigaspi-Campagne an d’Liewe geruff, fir un éischter Plaz d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Ëmmerhi sinn d’Privatstéit responsabel fir 53 %* vun der ganzer Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg – méi nach ewéi d’Produktioun (24 %), d’Restauratioun (12 %) an den Handel (11 %). Dofir gouf am Kader vum nationalen Offallplang och festgehalen, eng Reduktioun vu 50 % bis 2030 ze erreechen.

* Quality report on the data on food waste amounts and the data related to food waste prevention 2022

Et läit deemno op der Hand, datt de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen Antigaspidag uschléisst an de 29. September op de Problem vun der Liewensmëttelverschwendung an de Liewensmëttelverloschter opmierksam mécht – an d’Leit fir eng Wertschätzung vun de Iesswueren sensibiliséiert.

Fir den internationalen Antigaspidag presentéiere mir Iech dofir eng ganz Partie flott Initiativen, déi hei am Land aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung virginn.