Wéi hält sech Fësch am beschten?

Egal op frësch oder déifgefruer, Fësch muss ëmmer an enger Killtäsch vum Akafe bis Heem transportéiert ginn. Bei der Lagerung a beim Verschaffe muss Fësch vun deenen anere Liewensmëttel getrennt ginn. Ee ganze Fësch oder Fëschfilets, déi ee frësch un der Théik kaaft huet, soll een doheem aus der Verpakung huelen an z. B. an enger gliesener Schossel mat Deckel op déi killste Plaz am Frigo, op d’Glasplack iwwert dem Geméisfach stellen. Do hält e sech bis zu engem Dag. Am beschte verschafft ee frësche Fësch den Dag, wou een e kaaft huet. Wann de frësche Fësch un der Théik a speziell Tuten (mat Aluminiumfolie) verpaakt gëtt, op där de Verbrauchsdatum uginn ass, kann een en dodra loossen. Agefruerene Fësch muss een doheem direkt an d’Tru maachen. Wéi laang e sech do hält, steet op der Verpakung.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.