Fir d’Déifferdenger Pléckerten geet d’Aarbecht elo richteg lass: No hiren éischten zwee Rendezvousen bei deene Kiischte gepléckt goufen, ware lo Mëtt September Äppel, Bieren, Quetschen a Mirabellen un der Rei. A fir de nächsten Treff Ufanks Oktober sti souguer ee puer Beem mat Iesskäschten um Programm.
D’Déifferdenger Pléckerten goufe vun der Sozialkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng an d’Liewe geruff mam Ziel, Uebst a Geméis ze retten, iert et verfault. Dës Initiativ bréngt am Moment 35 bénévole Pléckerte mat Leit zesummen, déi ee Bongert oder ee Gaart hunn, déi sech awer selwer net ëm d’Recolte kënne këmmeren. Dat wat bei der Pléckaktioun zesummekënnt, gëtt 50/50 tëschent Besëtzer a Pléckerten gedeelt.
Wien un dëser Initiativ interesséiert ass, als bénévole Pléckert oder als Besëtzer vun Uebstbeem resp. engem Gaart, ka sech bei den Déifferdenger Pléckerten mellen. Foto: Déifferdenger Pléckerten
Am Kannerbongert vun hirer Gemeng, an dem 303 Beem stinn, hunn d’Erntehelfer viru kuerzem Äppel, Bieren, Quetschen a Mirabelle gepléckt, vun deene si een Deel selwer gehal hunn wourauser si zum Beispill Mirabelle-Gebees gekacht hunn. En Deel vun den Äppel hu si an d’Jugendhaus bruecht, wou déi Jonk wäerte Viz draus man. Vizpressen ass och eng Aktivitéit an der Naturschoul an déi Bénévole ginn och nach Äppel fir d’Kanner plécken.
Bei hire Pléckaktiounen huelen d’Déifferdenger Pléckerten och giel Bännercher mat, déi si un déi Uebstbeem hänken, vun deenen all Mënsch plécken däerf.