23/08/2021

D’Verhalen als Konsument huet Konsequenzen, op d’Wirtschaft natierlech, an awer och op d‘Ëmwelt. De Jugendtreff Käl/Téiteng wëll deene Jonken dat op eng praktesch Aart a Weis vermëttelen a schafft dorop hin, ee Zero Waste-Jugendhaus ze ginn. Ziel ass also, näischt méi ewech ze geheien an alles ze verwäerten. Dat gëllt och fir d’Liewensmëttel.

Mat hirem Projet „Vum Verschwenden a Verwenden“ huet de Jugendtreff Käl/Téiteng, nieft den „Déifferdénger Pléckerten“, den Opruff fir Projete vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung 2020 gewonnen. Déi finanziell Ënnerstëtzung vun 3.750 Euro hu si an Aktivitéiten investéiert déi déi Jugendlech sollen dozou bréngen, hiren Ëmgang mat Liewensmëttel ze iwwerdenken.

De Kach René Kertz huet de Jugendleche gewisen, wéi ee mat wéineg Saachen an och mat Reschter eppes Guddes kache kann. Foto: Jugendhaus Käl-Téiteng

Ënnerstëtzt goufen d’Educateuren dobäi ënnert anerem vum professionelle Kach René Kertz. An dräi Atelieren huet hien de Jugendleche gewisen, wéi ee mat wéineg Saachen an och mat Reschter eppes Guddes kache kann. Si hunn zum Beispill Liewensmëttel vun doheem matbruecht, déi do net méi gebraucht goufen an hunn hier Kreativitéit spille gelooss, fir doraus ee Menü ze preparéieren.

Akafe beim Bauer

Och doriwwer eraus gëtt reegelméisseg am Jugendtreff gekacht. D’Produiten dofir gi si, souwäit dat méiglech ass, bei e Bauer zu Käl kafen. Bei engem Besuch op sengem Haff hunn déi Jonk him Froen iwwert déi regional Liewensmëttelproduktioun an d’Déierewuel gestallt. Si si gewuer ginn, wéi schwéier et fir ee Bauer ass, fir an der Konkurrenz um globale Marché kënnen ze bestoen.

Infomaterial zum Thema Antigaspi hunn déi Jonk a selwer gemoltene Poschen aus Stoff zesummegestallt. Foto: Jugendhaus Käl-Téiteng

An dem Kontext gouf natierlech och d’Liewensmëttelindustrie thematiséiert, där hier Produktiounsweis an Dokumentatiounen erkläert gouf. „Richteg schockéiert waren déi Jugendlech wéi se gesinn hunn, wéi mat den Déier an der Masseproduktioun ëmgaange gëtt. Wéi a Fast-Food-Ketten d’Fleesch traitéiert gëtt, fir dass et iwwer Wochen net futti geet an dass net ëmmer dat an de Liewensmëttel dran ass, wat drop steet“, seet den Andy Wintringer, Responsabel vum Jugendtreff Käl/Téiteng. Et huet schonn een Ëmdenke bei deene Jonke stattfonnt, dat erkennt den Educateur un de Réckmeldungen, déi hie vun Eltere kritt, déi och elo regional a saisonal akafen.