24/11/2022

Zanter September verkeeft on.perfekt net méi op engem Pop-Up-Maart, mä huet elo säin eegene klenge Buttek. Zesumme mat Membere vun der Kooperativ, empfänken Iech do d’Matgrënnerinne Julia Gregor an Estelle Flammang freides, samschdes a méindes vu moies 9 bis owes 19h. An deenen éischten zwee Méint gouf schonn iwwert 6.500 mol an dem Buttek akaaft. Et ass also e volle Succès.

Lokal a regional

Fir un hir Wueren ze kommen, maachen d’Membere vun der Kooperativ eng zweet Recolte bei regionale Geméisbaueren um Feld. Donieft gi si lokal a regional bei, virun allem, kleng Produzenten, Epicieren a Supermarchéeë Produite sichen, déi dës net méi verkafe kënnen.

Gitt krommem Geméis eng Chance

D’Grondiddi vun der on.perfekt-Initiativ ass et, de Leit Uebst a Geméis unzebidden, dat net den Normen entsprécht. Donieft ginn an där neier Epicerie awer och aner Produiten zu staark reduzéierte Präisser ugebueden, déi de Mindesthaltbarkeetsdatum – awer net de Verbrauchsdatum – iwwerschratt hunn. Samschdes fënnt een am neie Buttek vun on.perfekt och nach Brout a Mëtsche vum Virdag. Domadder dréit dës vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzten Initiative derzou bäi, datt vill Liewensmëttel eng 2. Chance kréien an net an der Poubelle landen. All Client, deen eppes am on.perfekt Buttek akeeft, mécht direkt eppes géint d’Liewensmëttelverschwendung. Dat ass antigaspi.