04/11/2022

Gehéiere Banannen an de Frigo? Wéi vill Portioune si 500 g Nuddelen? Si Grompereschuelen och Food Waste? Déi interaktiv Antigaspi-Wanderausstellung vum Landwirtschaftsministère gëtt Äntwerten op dës Froen a vill weider Informatiounen iwwert d’Verschwendung vu Liewensmëttel an och praktesch Tipps, fir doheem keen Iessen méi an Dreckskëscht ze geheien.

Dës Ausstellung riicht sech u Grondschoulklassen a gëtt gratis vum Landwirtschaftsministère zur Verfügung gestallt. Fir d’Léierpersonal ass ee Begleetdokument dobäi mat Erklärungen a weideren Informatiounen zum Thema Liewensmëttelverschwendung, fir d’Schüler ausféierlech iwwert dëse Problem a seng Auswierkungen op d’Ëmwelt opzeklären.

Weider Informatioune fannt Dir an der Rubrik „Antigaspi Ausstellung“, reservéiere kënnt Dir se per E-Mail op antigaspi@ma.etat.lu.