04/07/2023

Op engem groussen Evenement dofir suergen, dass sou mann wéi méiglech Liewensmëttel verbëtzt ginn, dat ass méiglech. D’Organisateure vun der Foire Agricole haten sech dozou verflicht, op den 12 Verkafsstänn, wou et z’iesse gouf, Antigaspi-Moossnamen ëmzesetzen. No enger Ëmfro bei e puer vun dëse Veräiner kann ee soen, dass d’Offer vu klenge Portioune bei Menüe gutt ukënnt. Déi direkt Konsequenz dovun ass, datt vun dëse Platen, déi op der Platz giess goufen, däitlech manner Reschter an d’Dreckskëscht fir organeschen Offall gehäit goufen.

Fir Clienten, déi hier Reschter wollte mat Heem huelen, stounge biodegradabel Barquetten zur Verfügung. Liewensmëttel, déi scho virbereet waren an owes iwwereg bliwwe sinn, goufen ënnert de Membere vun de Veräiner opgedeelt. Déi benevole Mataarbechter sinn am Virfeld iwwert dës Méiglechkeet informéiert ginn an haten hier eegen Dëppercher dofir matbruecht.

Verschidde Veräiner probéieren an Zukunft bei de Liewensmëttel déi se bestellen ze kucken, wéi eng sech am beschte weider verschaffe loossen; z. B. méi Brout wéi Bréidercher ze bestellen. Anerer wëllen d’nächst Joer rëm de Leit d’Zose selwer op den Teller zerwéieren, well soss zevill dovu verbëtzt gëtt.

Den Ufank ass gemaach, d’Antigaspi-Konzept ass ënnert de Leit an d’Veräiner probéieren, d’Organisatioun vun hire Verkafsstänn deementspriechend ze optiméieren. Da bleift nach d’Fro: Lount et sech, antigaspi ze sinn? Aus ethescher Siicht ganz sécher! Well Iesse gehéiert op den Teller a net an d’Dreckskëscht. A wa sech déi richteg Reflexer bei de Leit verbreet hunn, dann ass Antigaspi och finanziell gesi rentabel.