27/10/2023

De Landwirtschaftsministère huet zesumme mat IMS (Inspiring more Sustainability asbl) Lëtzebuerg e Pilotprojet mam Numm „Mir sinn Antigaspi, an Dir?“ op d’Bee gesat.

Regional a saisonal Liewensmëttel kenneléieren a schmaachen

Kanner vu 4 bis 12 Joer aus 4 verschiddene Maisons relaisen (Duelem, Groussbus-Wal, Kielen, Rëmeleng) hu bei dësem Pilotprojet matgemaach. D’Zil war et d’Kanner, an indirekt och hiren Elteren, iwwert d’Liewensmëttelverschwendung opzeklären an hinne Loscht maache méi regional, bio a saisonal Produiten z‘iessen. Zesumme kachen, Verfallsdatumer léieren, Zaloten uplanzen, Kiischte plécken, Produzenten treffen, Spiller iwwert saisonaalt Uebst- a Geméis oder e Menü selwer zesummesetzen: op eng spilleresch Aart a Weis goufen de Kanner Challengë proposéiert, déi si an der Grupp mat hiren Educateuren an der Maison relais, oder individuell mat hiren Elteren doheem konnte léisen. „D’Kanner sinn d’Konsumente vu muer an eist Zil ass et, iwwer si och d’Elteren ze sensibiliséieren“, erkläert d’Managerin vum Projet, Carla Jellema vun IMS Luxembourg.

Manner Liewensmëttel verschwenden

An de Maisons relaisen gouf de Kanner och gewise wat all Dag ewechgehäit gëtt a wat ee ka maache fir datt manner Liewensmëttel an der Poubelle landen. „Et ass eppes anescht, wann ee just d‘Rechter vu sengem Teller an d’Poubelle tippt, wéi wann ee gesäit, wat insgesamt aus der Kichen ewechgeheit gëtt. D’Iddi ass et, d’Kanner fir Verschwendung ze sensibiliséieren an hinnen ze weisen, wat een dogéint maache kann“ verréit d’Carla Jellema.

Eppes ass elo scho sécher: Antigaspi funktionéiert just, wa jiddereen eng Hand mat upaakt. Wéinst dem positive Feedback aus de Maisons relaisen, déi um Pilotprojet deelgeholl hunn, ass geplangt e praktesche Guide auszeschaffen, deen, zesumme mat pedagogeschem Begleetmaterial, et och Educateuren aus anere Maisons relaisen erlaabt d’Kanner vun de Virdeeler vu lokale, saisonalen a Bio-Liewensmëttel z’iwwerzeegen an se an engems zum Thema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren.