Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
13/02/2024

Am Kader vun der Europäescher Woch fir d’Reduktioun vun den Offäll huet déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg am Wanter scho fir déi zweete Kéier d’Antigaspi-Wanderausstellung vum Landwirtschaftsministère ausgeléint. Dës interaktiv Expo, déi erkläert, wou de Liewensmëtteloffall entsteet a wéi een d’Verschwendung vun Iesswueren am Haushalt ka verhënneren, hat groussen Uklang bei de Mataarbechter vun der EU-Kommissioun fonnt.

D’Anne Faber huet an engem Showcooking zwee „Zero Waste“-Menue gekacht, mat Reschter aus dem Frigo. Foto: EU-Kommissioun

Fir den Thema Antigaspi weider op eng konkret Aart a Weis ze verdéiwen, huet d’Anne Faber an engem Showcooking zwee „Zero Waste“-Menue gekacht, mat Reschter aus dem Frigo. An zwar Muerten-Hummus mat Pesto aus dem Grings an iwwerbake Croissanten.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.