Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
20/12/2023

Gehéiert all Geméis an de Frigo? Oder ginn et Zorten, déi ee besser op enger killer Plaz lagert? Wéi laang hält sech Fleesch am Frigo? A wéi laang agefruer an der Tru? Firwat soll ee Miel, Räis a Nuddelen net einfach an engem Glas an der Sonn stoe loossen?

Wéi laang Liewensmëttel frësch a gesond bleiwen, an hire Goût behalen, hänkt dovunner of, wou a wéi se gelagert ginn, bei wéi enger Temperatur a Loftfiichtegkeet. Déi richteg Lagerung verhënnert, datt d’Iesswuere virzäiteg vu Schimmelpilzen, Schädlingen a Keime befall ginn oder duerch chemesch Prozesser ongenéissbar ginn. Se verhënnert deemno och, datt Liewensmëttel mussen ewechgeheit ginn, well se verduerwe sinn.

D’Experte fir Liewensmëttelsécherheet vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau hunn zu deene verschiddene Liewensmëttelkategorië wäertvoll Rotschléi fir d’Lagerung zesummegestallt, déi Dir hei kënnt duerchliesen.

Antigaspi
Privacy Overview

We use cookies to make sure you get the best experience on our website. Because we respect your right to privacy, you can choose not to allow some types of cookies. However, blocking some types of cookies may affect your experience of the site and the services we are able to offer.