29/08/2023

Mat der Initiativ WasteWatch geet Sodexo weltwäit a senge Restauranten géint d’Verschwende vu Liewensmëttel vir. Zu Lëtzebuerg kommen dobäi – op 22 Siten – de Programm LeanPath an d’Applikatioun Phenix zum Asatz. Fir dësen Engagement krut Sodexo Lëtzebuerg den Antigaspi-Logo „Initiative“ vum Landwirtschaftsministère. Global gesinn ëmfaasst WasteWatch de nohaltegen Ëmgang mat alle Ressourcen.

Mam System LeanPath weit d’Kichepersonal all Dag den Offall, dee bei der Produktioun ufält. Foto: Sodexo

Mam System LeanPath weit d’Kichepersonal all Dag den Offall, dee bei der Produktioun ufält (Geméisschuelen etc.), dat wat zevill gekacht a net verkaf gouf souwéi d’Reschter, déi d’Clienten op hiren Tellere gelooss hunn. Op dës Manéier kréien d’Gestionnaire vun de Restauranten een Abléck, wéi eng Produiten verbëtzt ginn, wéivill a wou, respektiv firwat. Dëse Resultater entspriechend kënne si hier Bestellunge vu Liewensmëttel souwéi d’Offer upassen: zum Beispill méi kleng Portiounen ubidden oder déi waarm Zopp am Summer ewechloossen.

Duerch dat konsequent Moossen, wéivill Liewensmëttel ewechgeheit ginn, ännert sech d’Kichekultur an d’Personal léiert, an der Produktioun manner ze verbëtzen. Mee och d’Cliente ginn – virun allem an der „Waste less week“ – fir d’Vermeide vun der Liewensmëttelverschwendung sensibiliséiert. Mat der Applikatioun Phenix kënne si sech Platen an „To Go“-Iesswueren, déi zur Haaptzäit an der Kantin net verkaaft goufen, méi spéit zu engem reduzéierte Präis kafen.

25 % manner Liewensmëttel verbëtzt

Hei e puer Zuelen zur Antigaspi-Initiativ vu Sodexo:

  • Op den 22 Siten zu Lëtzebuerg sinn 2022 25 % manner Liewensmëttel verbëtzt ginn.
  • Dat si bal 12 Tonnen Iesswueren.
  • 566 „Paniers To Go“ sinn iwwert d’App Phenix verkaaft ginn.
  • 365 Platen sinn iwwert déi App verkaaft ginn.
  • 100 % vun de Liewensmëtteloffäll ginn an enger Biogasanlag verwäert.
  • Bis 2025 wëll Sodexo d’Verbëtze vu Liewensmëttel ëm 50 % reduzéieren.