Weltwäit gëtt 1/3 vun alle Liewensmëttel déi produzéiert ginn, ewechgeheit. Déi Iesswueren, déi zu Lëtzebuerg an den Haushalter, de Grousskichen, der Gastronomie an am Handel eweggeheit ginn, maache pro Joer 88 kg pro Awunner aus.
Sensibiliséierung
Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne géint d’Liewensmëttelverschwendung
Déi gréisste Verbëtzer sinn d’Privatleit: Zu Lëtzebuerg ginn an der Moyenne an engem Stot 67 kg Liewensmëttel pro Kapp a pro Joer an d’Dreckskëscht geheit.
Dofir sensibiliséiert de Landwirtschaftsministère, nieft villen aneren Acteuren, jidderee fir méi responsabel ze konsuméieren. De Welthongerdag am Joer 2016 wor de Kick-Off Dag fir déi national Medien- a Sensibiliséierungscampagne géint d’Verschwende vu Liewensmëttel, déi ëmmer nach leeft. Detailer iwwert all d’Initiativen, Projeten an Evenementer déi vum Ministère organiséiert gi fannt Dir op dësem Site.
Campagne - Gëlle Reegelen
Zil ass et, de Konsumenten mat den aacht gëlle Reegelen praktesch Rotschléi ze ginn, fir direkt a mat ganz einfache Moossnamen eppes géint d‘Verschwende vu Iesswueren ze ënnerhuelen.
Dës Campagne leet grousse Wäert drop, iwwert d’Haltbarkeet vu Liewensmëttel ze informéieren. De Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) ass deen Datum, bis zu dem de Produit ouni Geschmaachs- oder Qualitéitsverloscht versuergt ka ginn. Ass deen Datum iwwerschratt, da kënnen d’Verbraucher d’Genéissbarkeet vun dem Liewensmëttel mat Hëllef vun hire Sënner (kucken, richen, schmaachen) iwwerpréiwen amplaz et direkt an den Drecksbak ze geheien.

Campagne - 118 Grënn eppes ze änneren (2020 an 2021)
Hei zu Lëtzebuerg ginn 118 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt. Dat sinn 118 Grënn eppes ze änneren. Dat ass de Slogan vun eiser Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“. Op dës Aart a Weis wëlle mir d’Leit interpelléieren fir d’Liewensmëttel nees méi wäertzeschätzen, fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen.

Broschür - 8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen
Dës Broschür gëtt praktesch Tuyauen wéi ee manner Liewensmëttel ka verschwenden: dat geet beim Akafen un, iwwert d’Araumen vum Frigo bis hin zum Verwäerte vun de Reschter. Et fënnt een awer och wichteg Rotschléi dran z. B. fir déi ënnerschiddlech Datumen op de Verpackungen besser ausernee ze halen.
Broschür 8 gëlle ReegelenBroschür - D’Gemengen als Multiplicateur

Antigaspi Wanderausstellung
All Gemeng déi sech dem Solidaritéitspakt ugeschloss huet, kritt d’Wanderausstellung Antigaspi vum Landwirtschaftsministère gratis geléint, geliwwert an opgeriicht. D’Wanderausstellung riicht sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle a mécht d’Kanner an d’Léierpersonal op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op de Problem opmierksam.
Antigaspi-Ausstellung
Antigaspi Ausbildung
De Lycée technique hôtelier Alexis Heck, de Lycée technique de Bonnevoie an de Lycée technique agricole sinn dem nationale Solidaritéitspakt géint Liewensmëttelverschwendung bäigetrueden an thematiséieren d’Problematik queesch duerch hier Fächer. Hei ginn déi Professionell vu muer ausgebilt.
