Fir d’Kanner vu Klengem u fir d’Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren, an dëst op eng spilleresch a partizipativ Manéier, steet de Maisons Relais ee „Kit pédagogique“ zur Verfügung. Dëst Material ënnerstëtzt d’Educateuren dobäi, pedagogesch Aktivitéite ronderëm eng nohalteg Ernärung an d’Vermeide vun der Liewensmëttelverschwendung ze organiséieren.
„Kit pédagogique“ Antigaspi fir d’Maisons Relais
Strukturéiert Ënnerstëtzung fir Educateuren
De Guide fir d’Educateuren ass dat zentraalt Dokument vum Kit. Dodra gëtt dee ganzen Oflaf vum Projet presentéiert souwéi déi pedagogesch Objektiver an déi eenzel Etappen, fir déi gemeinsam Aufgabe mat de Kanner ze organiséieren an ze animéieren. De Guide gëtt duerch detailléiert Ressourcen, wéi Erklärungsnotizen, ergänzt, fir d’Virbereedung an d’Duerchféierung vun den Aktivitéiten ze erliichteren. Zousätzlech enthält de Kit verschidde visuell an interaktiv Ressourcen, fir d’Aufgaben ze begleeden:
- Biller vun de véier Joreszäite souwéi Biller vu Friichten a Geméis;
- een Dokument mat den Äntwerten, fir d’Duerchféieren an d’Iwwerpréiwe vun den Übungen ze vereinfachen.
D’Kanner mat abannen
Fir d’Kanner an de Projet anzeféieren, gëtt eng Presentatioun fir eng Introduktioun zur Verfügung gestallt. Si erlaabt et, d’Theme ronderëm d’Iessen an d’Liewensmëtteloffäll op eng einfach a verständlech Manéier unzegoen. Zousätzlech Notizen hëllefen den Educateuren, dës Aféierung unzeräicheren an d’Interaktioun mat de Kanner ze fërderen.
D’Kanner hunn e perséinlecht Aarbechtsheft, an deem si d’Aufgabe suivéiere kënnen, hir Observatiounen notéieren, Zeechnunge maachen an hir Erfarungen opschreiwe kënnen.
D’Eltere mat abannen
De Kit enthält och eng Rei Dokumenter, fir d’Famillje mat an de Projet anzebannen:
- Eng Invitatioun fir d’Elteren, déi de Projet virstellt an se zu engem Start-Event invitéiert.
- Eng Presentatioun fir d’Elteren, déi d’Ziler an den Oflaf vum Projet erkläert.
- Ee Guide fir d’Elteren, deen am Detail erkläert, wéi een déi eenzel Aufgaben, déi doheem mat de Kanner ze maache sinn, ëmsetzt.
Valorisatioun a Visibilitéit vum Projet
Fir d’Kommunikatioun iwwer de Projet ze ënnerstëtzen, enthält de Kit:
- Posteren, déi an der Maison Relais kënnen opgehaang ginn, fir ze sensibiliséieren an ze informéieren;
- een „certificat de participation“, fir den Engagement vun de Kanner um Enn vum Projet unzeerkennen.