De 29. September ass internationalen „Antigaspidag“! D’„Journée internationale de sensibilisation aux pertes et gaspillages de nourriture“, déi op eng Initiativ vun de Vereenten Natiounen aus dem Joer 2020 zeréckzeféieren ass, setzt weltwäit de Fokus op de Problem vum Liewensmëttelverloscht an der Liewensmëttelverschwendung.
Internationalen Antigaspidag
Mir sinn Antigaspi - an Dir?
Tatsächlech gëtt een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ewechgehäit. Well gläichzäiteg awer ëmmer nach ronn 673 Millioune Mënschen op der Welt Honger leiden, ass et net acceptabel, näischt dogéint ze ënnerhuelen. Nieft der moralescher Obligatioun, sech dem Problem unzehuelen, däerf een och déi ekologesch Dimensioun net vergiessen! Duerch d’Reduzéierung an d’Preventioun vu Liewensmëttelverloschter a Liewensmëttelverschwendung ginn CO2-Emissioune reduzéiert an de Verbrauch vu Land a Waasserressourcë gëtt limitéiert.
D’Memberstaate vun der EU huelen déi néideg a gëeegent Mesuren, fir bis den 31. Dezember 2030 op nationalem Niveau déi follgend Ziler fir d’Reduktioun vu Liewensmëtteloffäll z’erreechen:
- Reduktioun vun de Liewensmëtteloffäll am Beräich Veraarbechtung a Produktioun ëm 10 % am Verglach zu där tëscht 2021 an 2023 am Joresduerchschnëtt produzéierter Quantitéit u Liewensmëtteloffäll;
- Reduktioun vun de Liewensmëtteloffäll pro Kapp am Ganzen am Eenzelhandel an anere Forme vum Liewensmëttelverkaf, an der Gastronomie an an de Verpflegungsdéngschter souwéi an de Stéit ëm 30 % am Verglach zu där tëscht 2021 an 2023 am Joresduerchschnëtt produzéierter Quantitéit u Liewensmëtteloffäll.
De Landwirtschaftsministère huet d’Antigaspi-Campagne an d’Liewe geruff, fir un éischter Plaz d’Konsumenten ze sensibiliséieren. Ëmmerhi sinn d’Privatstéit responsabel fir 58 %* vun der ganzer Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg – méi nach ewéi d’Produktioun (25 %), d’Restauratioun (8 %) an den Handel (9 %). Dofir gouf am Kader vum nationalen Offallplang och festgehalen, eng Reduktioun vu 50 % bis 2030 ze erreechen.
* Quality report on the data on food waste amounts and the data related to food waste prevention 2023
Et läit deemno op der Hand, datt de Ministère fir Landwirtschaft sech dem internationalen Antigaspidag uschléisst an de 29. September op de Problem vun der Liewensmëttelverschwendung an de Liewensmëttelverloschter opmierksam mécht – an d’Leit fir eng Wertschätzung vun de Iesswueren sensibiliséiert.
Fir den internationalen Antigaspidag presentéiere mir Iech dofir eng ganz Partie flott Initiativen, déi hei am Land aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung virginn.