Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
  • Hei dierft Dir plécken! Zerwéiert Iech!
  • Mir sinn antigaspi, an Dir? Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung!

Aktioun „Gielt Band“: Hei ass plécken erlaabt.

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun „Gielt Band“ vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Landwirtschaftsministère bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.

MELLT IECH HEI UN A BESTELLT ÄR GIEL BÄNNERCHER

Gielt Band: pléckt dëst Uebst!

Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eise Knowhow um Liewen ze erhalen.

 

Schengen

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Schieren

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Réiser

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN

Weiler zum Tuer

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Diddeleng

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN
KAART (PDF)

Kiischpelt

Äppelbeem, Bierebeem

Wolz

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Bäertref

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten, Käschtebeem
MÉI INFOEN

Bartreng

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Munneref

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN

Jonglënster

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Biekerech

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Réiden op der Atert

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Pëtschent

Nësserten, Bierebeem, Prommebeem

Ettelbréck

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Cliärref

Äppelbeem
MÉI INFOEN

+ Bongert vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur
MÉI INFOEN

Reckeng op der Mess

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten, Séisskäschtebeem, Aaspelbeem
MÉI INFOEN

Betzder

Äppelbeem, Bierebeem, Prommebeem, Quetschebeem, Réngglottebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Dippech

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Miersch

Äppelbeem, Quetschebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN
ARTIKEL

Käl

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Beetebuerg

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Ell

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Suessem

Äppelbeem, Bierebeem, Quiddebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Déifferdeng

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Esch-Uelzecht

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Luerenzweiler

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mispelbeem
MÉI INFOEN

Préizerdaul

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Séisskäschtebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Prommebeem
MÉI INFOEN

Mäerzeg

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Nidderaanwen

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Steesel

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Rouspert-Mompech

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

+ Bongert vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur
MÉI INFOEN

Stroossen

Äppelbeem,  Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Beefort

Äppelbeem, Bierebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN
KAART (PDF)

Garnech

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Quiddebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Dikkrich

Äppelbeem
MÉI INFOEN

Walfer

Äppelbeem, Bierebeem
MÉI INFOEN

Fëschbech

Äppelbeem, Bierebeem
MÉI INFOEN

Schëffleng

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Manternach

Äppelbeem, Bierebeem
MÉI INFOEN

Noumer

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN

+ Bongert vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur
MÉI INFOEN

Bech

Kiischtebaam

Biissen

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten

Käerjeng

Kréichelen (Hecken)

Stauséigemeng

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN

Péiteng

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Monnerech

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten, Käschtebeem
MÉI INFOEN

Sëll

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Schëtter

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten

+ Bongert vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur
MÉI INFOEN

Parc Housen

Äppelbeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Bauschelt

Äppelbeem
MÉI INFOEN

Useldeng

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Quiddebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Helperknapp

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Tandel

Äppelbeem
MÉI INFOEN

Biwer

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN
KAART

Fiels

Äppelbeem, Bierebeem, Quiddebeem
MÉI INFOEN

Hesper

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem

Groussbus-Wal

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem

Wëntger

Äppelbeem, Bierebeem
MÉI INFOEN

Lenneng

Äppelbeem, Kiischtebeem

Ierpeldeng op der Sauer

Äppelbeem, Quetschebeem, Nësserten

Mamer

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN
KAART (PDF)

Rammerech

Äppelbeem

Stengefort

Äppelbeem, Bierebeem, Prommebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten, Käschtebeem, Päerdsbierhecken, rout a wäiss Kréischelsstäck
MÉI INFOEN
KAART (PDF)

Leideleng

Äppelbeem, Bierebeem, Kiischtebeem
MÉI INFOEN

Viichten

Äppelbeem, Bierebeem, Quiddebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Sandweiler

Äppelbeem
MÉI INFOEN

Lëtzebuerg

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Kiischtebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Veianen

Äppelbeem
MÉI INFOEN

Mertert

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Mirabellebeem
MÉI INFOEN

Iechternach

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem, Quiddebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Viichten

Äppelbeem, Bierebeem, Quiddebeem, Nësserten
MÉI INFOEN

Konsdref

Äppelbeem, Bierebeem

Ëlwen

Bongert vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur
MÉI INFOEN

Conter

Kiischtebeem
MÉI INFOEN

Esch-Sauer

Äppelbeem, Bierebeem, Quetschebeem

  • 0-50 Beem
  • 50-200 Beem
  • >200 Beem

Dës Kaart weist, wéi eng Gemenge bei der Aktioun „Gielt Band“ matmaachen, a wéi eng Zorten Uebstbeem et do gëtt. Et ass all Participant selwer iwwerlooss, ob a wéi en der Ëffentlechkeet well matdeelen, wou genau déi Uebstbeem stinn. Fir déi Leit déi plécke wëllen heescht et: Haalt Är Aen op, wann Dir an Ärer Gemeng ënnerwee sidd!

 MÉI INFORMATIONEN IWWERT D’STANDUERTER VUN DEN UEBSTBEEM

Dir géift gären un der Aktioun deelhuelen, mee Är Uebstbeem stinn hannert dem Haus oder Äre Bongert läit ofgeleeën? Da bestellt Iech ee Schëld „Hei dierft Dir plécken!“ per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu. Domat kënnt Dir de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.

Wa Gemengekommissiounen, Veräiner oder Privatleit Evenementer ronderëm dës Aktioun organiséiere wëllen (zum Beispill en Duerffest oder d’Hierstellung vu Viz), da kënne si dem Landwirtschaftsministère dat entweeder per E-Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder iwwer Telefon (247-73516) matdeelen. Mir stellen se op dëser Plaz der Ëffentlechkeet vir.

„Gielt Band“-Charta fir Leit, déi Uebst plécke wëllen:

  • Nëmmen d’Uebst vun engem Bam, dee mat engem giele Band markéiert ass, däerf gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Uebst ass fir de Privatgebrauch bestëmmt.
  • Pléckt nëmmen déi Quantitéit un Uebst, déi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur an deem selwechten Zoustand, an deem Dir se virfonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • Dir pléckt op Är eege Verantwortung.

„Gielt Band“-Charta fir d’Propriétaire vun de Beem:

  • De Bam, ënnert dem geraf, respektiv vun dem gepléckt däerf ginn, muss fräi zougänglech sinn (et däerf zum Beispill keen Zonk ronderëm sinn, iwwert den ee muss klammen).
  • De Bam däerf net an enger Weed stoen, op där Béischte stinn.
  • Dat gielt Band muss gutt erkennbar um Bam festgemaach sinn.
  • All Bam muss eenzel mat engem giele Band gekennzeechent sinn.
  • Dat gielt Band kann zu all Moment un de Bam festgemaach, respektiv ewechgeholl ginn (iert oder nodeems d’Friichten zeideg sinn, oder wa se well op de Buedem gefall sinn).

„GIELT BAND“-CHARTA FIR BEI DE BEEM OPZEHÄNKEN

 

 

Rechtlech Hiweiser:

Fir Iech kënnen ze bedeelege muss Dir bestätegen, dass Dir d’Recht huet, Drëtter op deene Grondstécker, mat deenen Dir un der Aktioun „Gielt Band“ deelhuelt, plécken ze loossen. Dir musst also Proprietaire, Pächter oder ënnert enger anerer Form berechtegt sinn, fir iwwert d’Recolte an dat Grondstéck, ob dem de Bam/Strauch steet, ze verfügen.

De Staat ass net zivilrechtlech haftbar, wann et wärend der Aktioun „Gielt Band“ zu engem Tëschefall kënnt. Adresséiert Iech gegebenenfalls un Är Versécherung an huelt déi néideg Virsiichtsmoossnamen.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.