Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

E responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fërderen

Firwat verdroen sech den Apel an d’Banann net? Wat kann ee mat alem Brout maachen? Ass Miel mat engem ofgelafenen Mindesthaltbarkeetsdatum wierklech net méi gutt?

D’Antigaspi-Ausstellung riicht sech un d’Verbraucher als wichteg Verursaacher vu Liewensmëttelverschwendung. Zil ass et, besonnesch déi Jonk zum Thema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren, nei Verhalensreegelen opzezeechnen an esou d’Wäertschätzung vun de Liewensmëttel ze fërderen an d’Verbëtzen am Haushalt ze reduzéieren.

Sensibiliséierung an de Schoulen

D’Wanderausstellung ass oft an de Schoulen ze gesinn, wou se sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle riicht, an d’Kanner an d’Léierpersonal op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op de Problem opmierksam mécht.

D’Ausstellung gëtt Äntwerten a vermëttelt spilleresch Informatiounen an alldeeglech Tipps am Ëmgang mat Liewensmëttel – sief et beim Plange vum Menü, beim Akaf, beim Stockage doheem, bei der Interpretatioun vun de Verfallsdatumen oder bei der Verwäertung vu Reschter.

D’Ausstellung, déi op eenzelne groussen Evenementer wäert ze fanne sinn, kann och fir individuell Reservatiounen duerch Schoulen, Gemengen, Veräiner oder Firmen ausgeléint ginn. Fir weider Informatiounen a Reservatiounsufroen, maacht eis einfach ee Mail op antigaspi@ma.etat.lu.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.