D’Nofro no regional a saisonal produzéierte Liewensmëttel ass zu Lëtzebuerg an engem positiven Trend an dat ass och gutt esou. Als klengt Land huet Lëtzebuerg de Virdeel, datt déi national Produktioun zimlech iwwersichtlech ass. Dëst schaaft Transparenz a Vertraue bei der Produktioun vu lokale Liewensmëttel. Duerch déi geografesch ofgegrenzte Produktioun ass et méi einfach, déi verschidde Prozeduren am Fall vun engem Verstouss an d’Weeër ze leeden. Deementspriechend wéineg Liewensmëttelskandaler ginn et zu Lëtzebuerg.
Regional a saisonal Produiten
Firwat regional a saisonal Produite konsuméieren?
Gutt fir d’Ëmwelt a fir d’Lëtzebuerger Baueren
Beim Kaf vu regionale Produkter deet een net nëmmen der Ëmwelt ee Gefalen, mee och d’Lëtzebuerger Baueren a Wënzer ginn doduerch ënnerstëtzt.
Hei si mir als Konsument gefrot. Ass et wierklech néideg, am Wanter Äerdbieren ze iessen, déi geschmaachlech éischter u Waasser erënneren?
Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun weist donieft och eng sozial Komponent op, well tëschent dem Produzent an dem Verbraucher esou erëm ee perséinleche Kontakt entsteet. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun statt fënnt, erëm méi ze schätzen.
Mat eisem Saisonskalenner behält een den Iwwerbléck, wat fir een Uebst a Geméis wéini ze kréien ass.
Op sou-schmaacht-letzebuerg.lu fannt Dir méi Informatiounen iwwert Lëtzbuerger Produzenten an Direktvermaarkter.
Momentan ass Lëtzebuerg nach staark op den Import vun Uebst a Geméis ugewisen, fir der Nofro vun der Bevëlkerung nokommen ze kënnen. Aktuell stame manner ewéi 5 % vun dem zu Lëtzebuerg verkaafte Geméis aus der heemescher Produktioun. Beim Uebst läit de Selbstversuergungsgrad souguer nëmme bei ënnert engem Prozent. Insgesamt huet déi Lëtzbuerger Uebst- a Geméisproduktioun awer schonn zougeholl. Eng Méiglechkeet, d’Produktioun ze steigeren, besteet z. B. am verstäerkten Asaz vu lëtzebuergeschen Produkter an de Gemeinschaftskichen.