Den Typ vu Lagerung huet e groussen Afloss op d'Haltbarkeet vun de Liewensmëttel

D’Aart a Weis, wéi d’ Liewensmëttel gelagert ginn, bestëmmt hir Haltbarkeet. D’Haltbarkeetsdauer hänkt ënner anerem vun der Luucht, dem Sauerstoff an der idealer Temperatur of. Och wann all Produkt seng individuell Ufuerderunge fir d’Lagerung huet, kënnen e puer allgemeng Reegele formuléiert ginn:

Donkel lageren: Luucht beschleunegt d’Verdierwungsprozesser vun Ueleger a Fetter. Benotzt Verpakungen, déi keng Luucht duerchloossen, oder lagert dës Produkter am Däischteren (Spënnchen).

Loftdicht zoumaachen: Vill Verdierwungsprozesser ginn duerch Sauerstoff gefërdert. Wann Dir Liewensmëttel loftdicht verpaakt oder vakuuméiert, kënnt Dir Ranzegkeet, Schimmel, Verfierwungen an därgläiche vermeiden.

Kal lageren: Fir d’Alterungs- an d’Verdierwungsprozesser maximal ze reduzéieren, sollt Dir Liewensmëttel kill oder kal lageren (kill Spënnchen, Frigo oder Killtru). Op ville Liewensmëttel fannt Dir Informatiounen iwwer déi ideal Lagertemperatur. Passt op, datt Äre Frigo kal genuch ass (max. 5 °C).

Fir d’Lagerung vun Uebst gëllt als Fauschtreegel: Kärenuebst hält sech méi laang am Frigo. Zitrus an aner tropesch Friichte wéi Banannen, Melounen oder Avocadoe gehéieren net an de Frigo. Wann Dir awer doheem mat Uebstmécken (Drosophila melanogaster) geplot sidd oder vill déck zeideg Friichten hutt, kënnt Dir tropesch Friichten och am Frigo halen.

Uebst, dat kal Temperaturen (Frigo) verdréit: Äppel, Aprikosen, Bieren, Bieren-Uebst (Äerdbier, Hammbier asw.), Figen, Kiischten, Kiwien, Nektarinnen, Prommen, Pijen, Drauwen a Quetschen.

Sensibel Friichten: Ananas, Avocadoen, Banannen, Mangoen, Melounen, Papayaen an Zitrusfriichten.

Geméis, dat kal Temperaturen (Frigo) verdréit: Zalot, Choufleur, Brokkoli, Muerten, Kabes, Réidercher, Brockelcher, Zellerie, Spargelen an Ënnen.

Sensibel Geméiszorten: Auberginnen, Kornischongen, gréng Bounen, Gromperen, Kürbis, Peperonien, Tomaten an Zucchinien

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.